Lëtzebuergesch Daachorganisatioun vun de Medien From Wikipedia, the free encyclopedia
De Conseil de Presse, oder op Lëtzebuergesch de Presserot, ass eng Daachorganisatioun vun de Medien zu Lëtzebuerg. En ass 1979 mam Zil gegrënnt ginn, de Beruff vum Journalist unz'erkennen an ze schützen[1].
De Presserot gouf mam Gesetz vum 20. Dezember 1979 an d'Liewe geruff[2]. D'Membere si Journalisten an Editeuren[1].
En hat bis Februar 2024 säi Sëtz an der Maison de la presse um Krautmaart, vis-à-vis vun der Chamber. Duerno ass e geplënnert an ass elo op N° 52 an der aler Avenue an der Stad.
D'Presidentin ass d'Lynn Warken. Déi Éischt Fra op där Plaz war tëscht 2008 an 2010 d'Danièle Fonck[3].
D'Aufgabe vum Lëtzebuerger Presserot sinn d'Ausstellen an d'Anzéie vun de Pressekaarten an d'Weiderbildung vun de Journalisten, souwéi d'Autoreguléierung vun der Mediebranche duerch d'Applikatioun vun engem Deontologieskodex. De Presserot ënnersicht och op Wonsch vun der Regierung Froen, déi d'Meenungsfräiheet an de Medie betreffen[1].
Donieft gëtt et eng Kommissioun, bei där sech Privatleit beschwéiere kënnen, wa si vun Informatioune betraff sinn, déi an der geschriwwener Press oder audiovisuelle Medie presentéiert ginn[1].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.