Remove ads
Lieu-dit zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Cloche d'or ass e Lieu-dit am Stater Quartier Gaasperech.
Cloche d'or | |
---|---|
Bushalt Cloche d'Or | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Cloche d'or de: Cloche d'Or |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten |
49° 34’ 57.4’’ N 6° 06’ 52.3’’ O |
Am allgemenge Sproochgebrauch zielen zur Cloche d'or d'Stroossen tëscht dem Stengege Wee am Nordwesten, der Rue Guillaume Kroll am Westen, der Rue Robert Stumper am Osten an der Autobunn A6 am Süden. D'Promoteure vun de Gebaier laanscht dem Boulevard Raiffeisen an dem Boulevard de Kockelscheuer, zielen deen Deel, also de Ban de Gasperich, och alt gär zur Cloche d'or.
Am 3. Joerhonnert n. Chr. gouf et e réimeschen Haff op där Plaz.
1684 hunn dem franséische Kinnek Louis XIV. seng Zaldoten ë. a. do campéiert wéi se d'Festung Lëtzebuerg belagert hunn.
1937 koum en Hotel op déi al Escher Strooss, mam Numm Cloche d'Or, deen dunn der ganzer Plaz den Numm ginn huet[2]. Ekipéiert mat engem Restaurant, enger Keelebunn an enger Bausseschwämm, gouf den Hotel séier eng Touristenattraktioun.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hotel Cloche d'Or.
Ronderëm den Hotel huet sech vun 1975 un eng Industriezon entwéckelt, mat enger zweeter Entwécklungsphas 1985 wärend där den Hotel an de Verfall geroden ass.
Op der ëstlecher Säit vun der Escher Strooss, am Gaasperecher Bann, ginn zanter der Mëtt vun den 2010er Joren nei Appartementer, Butteker, eng franséisch Schoul, e Stadion an e grousse Park gebaut.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ban de Gasperich.
Commons: Cloche d'or – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.