Remove ads
ëffentleche Park an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gaasperecher Park ass e Park am Stater Quartier Gaasperech, op de fréiere Flouere Bei der Kéiwiss an Op dem Wakebierg[1], deen de 7. Juni 2023 ageweit gouf (ursprénglech war 2020 virgesinn).
De Park am Juni 2023 | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Gaasperech |
Koordinaten | 49°35'15,25"N, 6°7'38,68"O |
Bauhär | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung) |
Fläch | 14,86 ha |
E gouf vum Bureau Carlo Mersch entworf[2] an huet eng Fläch vu 14,86 Hektar[3]. Zentraalt Element ass d'Drosbech, déi an engem renaturéierte Bett queesch derduerch leeft, a ronderëm där hir Uwänner e Fiichtgebitt ugeluecht gouf, duerch dat een iwwer Brécken a Pontonen trëppele kann. Och e Weier vu 70 Ar ass realiséiert ginn.
Am Park gëtt et ë. a. e Pavillon, eng grouss Spillplaz, Terraine fir Petanque, Foussball, Basketball oder Beachvolleyball ze spillen, eng Hondswiss, eng Picknicksplaz an en Areal mat Fitnessgeschier. Am ganze 4,5 km Weeër fir Foussgänger a Cycliste ginn derduerch, déi de Park mat de Stroosse ronderëm verbannen. E Restaurant an en Aussiichtstuerm gi méi spéit amenagéiert.
Den Amenagement huet 15,99 Milliounen Euro kascht[4].
D'Preparatiounsaarbechte fir de Park unzeleeën hunn am Mäerz 2020 ugefaangen. Am Laf vum Joer gouf de Weier ausgegruewen. Am Februar 2021 gouf ugefaangen, Traisch a Beem unzeplanzen, an am Mee hunn d'Schräineraarbechten ugefaangen[5].
De Park ass mam stättesche Bus iwwert d'Halt Francophonie um Boulevard de Kockelscheuer a mam Tram vun der Statioun Lycée Vauban aus accessibel.
De (provisoreschen) Bambestand besteet Mëtt 2024 aus 510 Lafbeem, 50 Nolholzplanzen, 75 Uebstbeem an 2.100 Forstplanzen[6].
Commons: Gaasperecher Park – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.