franséische Mathematiker an Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charles-Eugène Delaunay, gebuer den 9. Abrëll 1816 zu Lusigny-sur-Barse bei Troyes, a gestuerwen de 5. August 1872 bei Cherbourg, war e franséische Mathematiker an Astronom.
Charles Eugène Delaunay | |
---|---|
Gebuer |
9. Abrëll 1816 Lusigny-sur-Barse |
Gestuerwen |
5. August 1872 Cherbourg-Octeville |
Doudesursaach | Erdrénken |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École polytechnique, École nationale des mines vu Paräis, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Ingenieur |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Den Delaunay huet beim Jean-Baptiste Biot op der Sorbonne zu Paräis studéiert. A sengen Aarbechten huet e sech mat der Himmelsmechanik an dem Dräikierperproblem beschäftegt.
Am Joer 1870 krut de Charles-Eugène Delaunay d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society zu London. Am selwechte Joer gouf hien Direkter vum Paräisser Observatoire.
De Charles-Eugène Delaunay ass de 5. August 1872 bei engem Schëffsongléck am Hafe vu Cherbourg erdronk.
Hien ass mat sengem Numm op dem Eiffeltuerm veréiwegt, kuckt och: 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.