D'Bréck vu Schengen ass eng Grenzbréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Schengen zu Lëtzebuerg a Perl an Däitschland. Se steet um Flosskilometer 241,955. Zu Lëtzebuerg féiert s'um Uwänner vun der Musel iwwer den CR152B an iwwer d'Bréck leeft d'Nationalstrooss 10 an an Däitschland un d'B407 uschléisst, déi 250 m duerno an engem Rond-point Uschloss un d'B419 huet.
Geographie | |
---|---|
Land |
Lëtzebuerg Däitschland |
Plaz |
Schengen Perl |
Koordinaten |
49° 28’ 17.8’’ N 06° 22’ 04.5’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Strossebréck |
Féiert iwwer | d'Musel |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Cantilever |
Totallängt | 147,50 m |
Felder/Béi | 39,00 + 69,5 + 39,00 |
Material | Gespaante Bëtong |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 24. Oktober 1959 |
D'Bréck gouf de 24. Oktober 1959 ageweit. Mam Fährbetrib, deen 1947 agefouert gi war, gouf doropshin zougemaach.
Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier sinn:
Déi éischt Bréck
Déi éischt Bréck zu Schenge gouf den 9. Mee 1909 ageweit. Et war eng stole Bréck am Fachwierkträgerbau déi aus dräi Felder bestanen huet. D'Feldwäite waren 39,80 + 69,50 + 39,80 Meter an um lénksen Uwänner stoung nach eng kleng stenge Boubréck iwwer déi d'Opfaartsramp gefouert huet. Dat mëttelst Feld huet aus engem Bou bestanen dat deemools schonn nom System Bowstring vun der Firma Paul Wurth gebaut gi war an déi zwee Säitefelder waren e Stännerfachwierk. D'Bréck huet op Steesockelen an der Musel opgeleeën. D'Fuerbunn war 5 m breet an op all Säit war en Trëttoir vun 1,87 m.
Virum Bau vun der Bréck huet eng Fähr déi zwou Uertschafte verbonn.
Gläich am Ufank vum Zweete Weltkrich de 15. September 1939 um 9:15 Auer hunn d'Pionéier vun der Wehrmacht de rietse Flosspilier gesprengt.[1]
Literatur
- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Bréck vu Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- An der Dreiländer-Ecke Luxemburger Wort vum 16. September 1939
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.