lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Biekerech From Wikipedia, the free encyclopedia
Biekerech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, am Kanton Réiden an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Biekerech | |
---|---|
Biekerech vum Kuelebierg aus gesinn (2014) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Beckerich de: Beckerich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Biekerech |
Buergermeeschter | Thierry Lagoda |
Awunner | 863 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 708,8640 ha |
Héicht | 289 m |
Koordinaten |
49° 43’ 55’’ N 05° 53’ 07’’ O |
Biekerech, vun de Leit aus der Géigend Beekerich genannt, läit um Fouss vun de Sandsteekoppen am Süden, mat den héchste Punkten um Kuelebierg an op der Kräizerbuch. Dëse grousse Waassereservoir mécht sech do duerch ganz vill Quelle bemierkbar déi sou eng gutt Qualitéit hunn datt sech am Hueweler Wee eng Industrie installéiert huet, d'S.A. des Eaux minérales de Beckerich, déi d'Biekerecher Waasser kommerzialiséiert.
No Westen an no Norden ass den Dall op, an et kann ee bis op déi éischt Éisleker Koppe gesinn.
D'Quellen ëm Biekerech lafen all op Hitten zou fir do als Näerdener Baach weider an d'Pall an dann an d'Atert ze lafen.
Et sinn dat:
De Bauerenhaff, deen net wäit dovun ewech läit, huet den Numm vun dësem Flouer A Kauleks. Den Numm kënnt dohier well de Sandsteen an dësem Eck besonnesch vill Kallek huet a plazeweis schluetwäiss ass.
No de Schrëftstécker gëtt Biekerech am 12. Joerhonnert fir d'éischt genannt.
1309 krut Biekerech säi Fräiheetsbréif mat enger eegener Verwaltung.
Ëm 1600 ass d'Existenz vun enger Parschoul zu Biekerech nogewisen.
Am Joer 1673 beleet en Dokument, datt 8 vun 10 Leit Analphabeten am Duerf waren.
Am 17. Joerhonnert hat d'Abtei vun Iechternach Lännereien a Rechter zu an ëm Biekerech.
Am Ancien Régime huet e groussen Deel vun der haiteger Gemeng Biekerech zu der Abtei Notre-Dame vu Clairefontaine gehéiert. De Rescht war am Besëtz vum Priorat vum Mariendall.
1894 gëtt eng Telefonszentral am Duerf installéiert.
Vun 1913 un gouf an der Biekerecher Millen Stroum produzéiert andeems dat aalt Waasserrad mat enger Turbinn ersat gouf. Sou koum et datt Biekerech eng vun den éischten Uertschaften am Land war dat e Stroumnetz hat.
Zanter 1928 gëtt d'Waasser aus der Quell vum Mëlleschbour an d'Waasserleitunge vun der ganzer Gemeng Biekerech gespeist.
D'Uertschaft ass un d'Stroossenetz ugestréckt duerch d'Nationalstrooss N24 déi vun Arel op Dikrech féiert, den CR301 vun Ielwen op Ell an den CR304 vu Biekerech op Réiden op der Atert.
Déi Biekerecher hunn als Spottnimm d'Biekerecher Kierfmécher a Biekerecher Suebelmouken.
Commons: Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.