Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Basilika Notre-Dame vun Avioth steet an der franséischer Gemeng Avioth am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.
Zanter iwwer 900 Joer gëtt an deem Dierfche mat eppes iwwer honnert Awunner eng Statu vun der Muttergottes mam Jesuskand veréiert, déi am 12. Joerhonnert soll opgedaucht sinn, do wou haut d'Kierch steet. D'Léiffräche vun Avioth ass eng vun de rare schwaarze Muttergottessen am nordëstleche Frankräich[1].
D'Kierch ass zanter 1840 als Monument historique klasséiert.
Beim Agank fir an de Kierfecht, deen déi Zäit ronderëm d'Kierch ugeluecht war, gouf am 15. Joerhonnert d'Recevresse gebaut. Iwwer de Gebrauch vun dësem Bauwierk, dat vu senger Typologie hier ganz seelen ass, stinn nach en ettlech Froen op. Et kéint en Deel vun engem Altor gewiescht ze sinn, deen am Fräie stoung oder en Depot fir d'Affer, déi d'Pilger matbruecht haten.
D'Notre Dame Kierch ass 1993 vum Poopst Jean-Paul II. Basilika minor genannt ginn. D'Dokument vun der Ernennung hänkt am Kiercheraum.
An de leschten zéng Joer si 770.000 € an d'Restauratioun vun de Säiteschëffer gestach ginn. Dovun huet de Kulturministère 60 % derbäibezuelt. Beim neiste Projet geet et drëm, fir den Terrain ronderëm d'Kierch an d'Rei ze setzen. Well fréier e Kierfecht ëm d'Kierch ugeluecht war, ass et e Gléck, datt virun der Kierch eng fräi Plaz ass.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.