Uertschaft an der Gemeng Bauschelt From Wikipedia, the free encyclopedia
Baschelt ass eng Uertschaft an der Gemeng Bauschelt am Kanton Wolz.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Baschelt (Baschleiden). Fir Boulaide, d'Nopeschduerf mat engem änleche lëtzebuergeschen Numm, kuckt wgl. Bauschelt. |
Baschelt | |
---|---|
D'Haaptstrooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Baschleiden de: Baschleiden |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Bauschelt |
Buergermeeschter | Jeff Gangler |
Awunner | 507 |
02.01.2023 | |
Héicht | 430 m |
Koordinaten |
49° 53’ 53’’ N 05° 49’ 07’’ O |
Tëschent de Joren 1840 an 1914 si vill Awunner aus der Géigend ausgewandert: vu Baschelt, wéi och vu Bärel, Bauschelt, Béiwen, a Bonnal-Ensber.
Zu Lëtzebuerg gëtt d'Post scho vun 1850 un all Dag verdeelt. Vu Wolz aus goufe mat Baschelt 24 Dierfer am Ëmkrees zerwéiert.
Am Zweete Weltkrich gouf et zu Baschelt e Bunker fir Refraktären. De Grondstee vun der haiteger Kierch mat hirem markanten Tuerm gouf warscheinlech tëschent 1837 an 1843 geluecht. D'Gebai hannert der Kierch, dat haut als Festsall benotzt gëtt, war fréier d'Duerfschoul a gouf 1860 gebaut.
D'Fësche war fréier, am Laf vun der Sauer, eng heefeg an deels och eng lukrativ Beschäftegung. Am Summer ass d'Rommwiss, e flaachen Uwänner vum Stauséi, eng flott Ofwiesslung fir Touristen a Waassersportamateuren.
Bis 1828 war Baschelt en Deel vun der Gemeng Meecher. De Charles-Gérard Eyschen (1800-1859) koum zu Baschelt op d'Welt.[1][2][3]
Déi lescht Silb vum Duerfnumm -schleiden huet säin Ursprong am Wuert „sleide“, wat souvill heescht wéi een Hank oder eng Sank (Terrain, deen zu enger Säit hänkt).
Säit 1995 invitéiert den thematesche Rondwee „Wiss, Baach, Bësch“ op en Trëppeltour. Den Aussiichtstuerm „Mirador“ bitt um Tempelskamp (448m) eng fantastesch Vue iwwert de Stauséi. Déi al Buch an Hoschtig gouf 1984 op d'Lëscht vun den „arbres remaquables“ geschriwwen.
Commons: Baschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.