Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Atomkraaftwierk Cattenom ass en Atomkraaftwierk, dat an der franséischer Uertschaft Kettenuewen (op fr. Cattenom), no bei der lëtzebuergescher Grenz steet. D'Atomkraaftwierk ëmfaasst am Ganze véier Reaktere mat enger Leeschtung vu jee 1300 Megawatt. Et ass eent vun de gréissten Atomkraaftwierker a Frankräich an deckt 8 % vun der Stroumproduktioun.
De Bau vum éischte Reakter huet den 29. Oktober 1979 ugefaangen. En ass den 1. Abrëll 1987 a Betrib geholl ginn. Bis 1992 goufen déi aner 3 Reakteren och a Betrib geholl. Et handelt sech bei allen ëm sougenannten Drockwaasserreakteren. Gebaut goufe se vun der Firma EDF, déi se och bedreift.
Am Atomkraaftwierk schaffen ongeféier 1.150 Persounen. Am Fall vun enger geplangter Ofschaltung wéinst Revisiounsaarbechten, wéi et am Joer 2004 eng gouf, schaffe bis zu 2.000 Persounen do.
D'Atomkraaftwierk Cattenom gëtt net als äerdbiewesécher ugesinn, well d'Ventiller am Fall vun engem Biewen net méi funktionéiere géifen.
All Joer gëtt et am Atomkraaftwierk Cattenom Tëschefäll, déi awer mat der Bezeechnung INES 0 oder 1 net weider schlëmm sinn. Bis elo gouf et 3 gréisser Teschefäll, bei deenen awer keen zu Schued koum:
D'Lafzäit vun de Reakteren 1 an 2 leeft nach bis d'Joer 2046 resp. 2047. Déi aner zwéi Reaktere wäerten an de Joren 2050 an 2051 ofgeschalt ginn.
Commons: Atomkraaftwierk Cattenom – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.