From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Aristarch(os) vu Samos (gr: Ἀρίσταρχος), gebuer ëm 310 v. Chr. op Samos, a gestuerwen ëm 230 v. Chr., war e griicheschen Astronom a Mathematiker.
Hie war e Léierbouf vum Straton vu Lampsakos an ee vun den éischte griicheschen Astronomen, déi d'heliozentrescht Weltbild vertratt hunn, no deem d'Sonn an net d'Äerd am Zentrum vum Weltraum steet. Dofir gëllt hien och als de "griichesche Kopernikus". Hien hat zwar mat senger Theorie kaum Unerkennung (Ausnam: de Seleukos vu Seleukia), soudatt seng Virstellungen am Schiet vun den Aarbechte vum Aristoteles a vum Claudius Ptolemaeus stoungen. Ongeféier 1800 Joer méi spéit goufe se vum Nikolaus Kopernikus nees entdeckt an op en Neits opgegraff.
Dat eenzegt Wierk vum Aristarch, dat bis haut erhale blouf, dréit den Titel Iwwer d'Gréissten an d'Distanze vu Sonn a Mound a baséiert nach um geozentresche Weltbild. Mir wëssen awer duerch spéider Zitater vun anere Geléierten, datt hien an engem anere Buch d'Hypothees vun engem heliozentresche Weltbild vertratt hat. Sou schreift den Archimedes a senger Sandrechnung.
Den Aristarchos denkt do wäit viraus: Wann net d'Äerd, mä d'Sonn am Zentrum steet, da misste mer eigentlech eng Parallax observéieren. D'Bild vum Stärenhimmel misst sech ofhängeg vun der aktueller Positioun wärend engem Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn veränneren. Tatsächlech ass déi Parallax selwer bei de sonnennächste Stäre méi kleng wéi eng Bousekonn an dofir mat bloussem A net festzestellen. Dës anscheinend feelend Parallax war d'Haaptargument géint dem Aristarch säi Modell. Hien erkläert si duerch eng onvirstellbar grouss Distanz zu de Fixstären, vis-à-vis vun där den Duerchmiesser vun der Äerdbunn minimal kleng ass. D'Fixstäreparallax gouf eréischt vum Friedrich Wilhelm Bessel am Joer 1838 mat Teleskopen nogewisen.
Wat fir Konsequenzen dëst no sech gezunn hätt, deit de Plutarch am Dialog Iwwer d'Moundgesiicht un:
Allerdéngs kann d'Geschicht vun der Uklo wéinst Gottlosegkeet och ugezweiwelt ginn, si war nämlech eréischt opgrond vun enger zweiwelhafter Emendatioun am Plutarch-Text duerch de Menagius, engem Philolog aus dem 17. Joerhonnert entstanen.
Den Aristarch hat observéiert, wéi den Äerdmound wärend enger Mounddäischtert duerch den Äerdschiet gezu war. Hien hat doraus geschloss, datt den Duerchmiesser vun der Äerd 2,85 Mol sou grouss wier wéi dee vum Mound. Tatsächlech ass dëse Facteur ongeféier 3,67.
Den Aristarch hat erkannt, datt den Hallefmound doduerch entsteet, datt d'Sonneliicht genee vertikal zu eiser Bléckrichtung op den Äerdmound fält. D'Dräieck Sonn, Mound, Äerd weist also bei Hallefmound e rechte Wénkel op:
D'Gréisst vum Wénkel tëscht Sonn a Mound hat den Aristarch experimentell zu op d'mannst 87° bestëmmt. Duerch Zeechne vun engem rechtwénklegen Dräieck mat engem Wénkel vun 87° léisst sech elo d'Verhältnes vun den Ofstänn Äerd–Sonn an Äerd–Mound bestëmmen. Haut kann een dëst Verhältnes natierlech och trigonometresch zu 1/cos(87°) ≈ 19,1 berechnen. Domat ass gewisen, datt d'Sonn op d'mannst 19-mol sou wäit vun der Äerd ewech ass wéi eise Mound.
Tatsächlech ass d'Sonn ongeféier 400-mol souwäit vun der Äerd ewech wéi de Mound. Dat entsprécht engem Wénkel vu ronn 89° 51'. Dat heescht gläichzäiteg, datt vun der Sonn aus gesinn Äerd a Mound nëmme knapps néng Bouminutte vuneneen ewech schéngen.
Den Aristarch hat sécher gemierkt, datt de Wénkel bal 90° hat. D'Zil vun der Miessung misst an dësem Fall d'Äntwert op d'Fro sinn: Wéi grouss ass de Wénkel op d'mannst? Doraus léisst sech eng verléisslech Ausso iwwer de Mindestofstand vun der Sonn ofleeden.
Dem Aristarch seng Ufanksaarbechten hunn d'Zäit leider net iwwerlieft; si sinn nëmmen aus den Zitater a Kommentare vun Nofollger bekannt.
Well Sonn a Mound um Himmel bal gläich grouss erschéngen, hat den Aristarch ugeholl, datt hir tatsächlech Gréisst sech och op d'mannst ëm de Facteur 19 vun eneen ënnerscheede misst. Aus de genannte Grënn ass dësen Ënnersched zwar dat 400-facht, mä eleng, datt no Usiicht vum Aristarchs d'Sonn wäit méi grouss wéi d'Äerd misst sinn, war e wichtegt Indiz fir d'Theorie, datt e sou groussen Himmelskierper och am Zentrum vum Universum si misst, war zu dëser Zäit revolutionär.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.