From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Andreaskräiz ass e Kräiz dat sech aus zwou Dunnen zesummesetzt, déi sech diagonal kräizen. Et gläicht dem Buschtaf X, de Chi am griicheschen Alphabeth.
Den Numm huet et vum Apostel Änder deen der Traditioun no op sou engem Kräiz higeriicht gouf.
D'Andreaskräiz gehéiert zu der Basis vun de Fachwierkskonstruktiounen, a gëtt do och dacks gebraucht fir ze verschéineren.
An der Chimie gëtt d'Andreaskräiz als Geforesymbol gebraucht fir Produkter déi reizen (Xi), a fir där déi gesondheetschiedlech sinn (Xn).
Et ass op ville Wopen a Fändelen erëmzefannen. Mat dee bekanntsten ass de Fändel vu Schottland, dat en dann och am Fändel vu Groussbritannien erëm fënnt, an an all de Fändelen déi dovun ofgeleet si wéi z. B. de Fändel vun Australien an de Fändel vun Néiséiland.
Am lëtzebuergesche Code de la Route fënnt een d'Andreaskräiz op follgende Schëlter.
Commons: Andreaskräizer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.