Verkéierswarnschëld Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schëld A, 23 ass e Verkéierswarnschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat eng Kräizung mat Rietsvirfaart ukënnegt. Am Prinzip hunn op deene Kräizungen d'Chaufferen déi vu riets komme Virfaart virun deenen déi vu lénks kommen, onofhängeg vun der Richtung an déi se fuere wëllen. Dozou gëtt et awer Ausnamen déi am Artikel 136 vum Code de la route ernimmt sinn; sou z. B. huet deen, dee vu riets kënnt keng Virfaart wann en aus enger gespaarter Strooss, engem Parking, engem Privat- oder Feldwee oder enger Foussgängerzon erausfiert.
Kräizung mat Rietsvirfaart | |
Bezeechnung | A,23 |
---|---|
Kategorie | Verkéierswarnschëld |
Land | Lëtzebuerg |
ageféiert | 23. November 1955 |
D'Schëld gëtt opgestallt, wann et néideg ass fir d'Siicht op d'Kräizung ze verstäerken[1].
„24. Intersection à priorité de droite - Le signal A,23 indique l'approche d'une intersection où la priorité de droite est d'application, sans préjudice des dispositions de l'article 136“
.
D'Schëld A, 23 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 7 vum Artikel 107 definéiert an hat awer eng liicht aner Bedeitung: et huet op eng Kräizung higewisen, ouni datt vu Rietsvirfaart rieds goung[3].
„Le signal « intersection » est employé pour annoncer l'approche d'un croisement, d'une bifurcation ou d'une jonction“
.
Commons: Verkéierswarnschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.