franséischen Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Alain Decaux, gebuer den 23. Juli 1925 zu Lille, a gestuerwen de 27. Mäerz 2016 zu Paräis[1], war e franséischen Historiker a Radio- an Televisiounsmoderateur. Hien ass bekannt fir seng bal 50 Joer laang Presenz an de franséische Medien, wou en Emissiounen iwwer Geschichtstheme moderéiert huet (La Tribune de l'Histoire vun 1955 bis 1997 bis am Radio oder Alain Decaux raconte an dono Alain Decaux face a l'Histoire vun 1969 bis 1988 op der Tele), dacks zesumme mam André Castelot, ma och mam Jean Tulard an dem Marcel Jullian.
Alain Decaux | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alain Paul Henri Decaux |
Gebuer |
23. Juli 1925 Lille |
Gestuerwen |
27. Mäerz 2016 Hôpital européen Georges-Pompidou |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Lycée Janson de Sailly, Faculté de droit de Paris, Faculté des lettres de Paris |
Aktivitéit | Historiker |
Member vun | Académie française, Rumänesch Akademie |
Famill | |
Bestuet mat | Micheline Pelletier |
Papp | Francis Decaux |
Mamm | Louise Tiprez |
Parallel dozou huet hie Bicher, Dréibicher, Theaerstécker an Artikele geschriwwen. Vun 1988 bis 1991 war hie Ministre délégué fir Francophonie an der Regierung vum Michel Rocard.
De 15. Februar 1979 gouf den Alain Decaux zum Member vun der Académie française gewielt.
Commons: Alain Decaux – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.