franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Zoufftgen ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est am Departement Moselle.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei vu Zoufftgen | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Yutz | ||||
Postcode | 57330 | ||||
Gemengecode | 57764 | ||||
Koordinaten | 49° 27’ 47’’ N 06° 08’ 01’’ O | ||||
Fläch | 1.670 ha | ||||
Bevëlkerung | 684 (2007) |
An der Uertschaft, déi zum Arrondissement Thionville, am Kanton Yutz gehéiert, an déi eng Fläch vu 16,7 km² huet, liewe 684 Awunner (Stand 2007).
D'Uertschaft gehéiert zanter dem Grenzvertrag vum 16. Mee 1769 tëscht dem Kinnek vu Frankräich an der Maria Theresia vun Éisträich, mat Ënnerbriechung vun 1871 bis 1918 (Reichsland Elsass-Loutrengen), zu Frankräich.
Zoufftgen ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementstrooss D56, an ee Wee deen op d'lëtzebuergesch Grenz féiert, wou en iwwer den CR160 Uschloss un dat lëtzebuergescht Stroossennetz huet.
D'Awunner ginn op Franséisch "Zoufftgenois" genannt.
Zoufftgen grenzt am Norden un Diddeleng. Nërdlech an ëstlech vum Gemengenterritoire leie Bëscher.
Den 11. Oktober 2006 sinn zu Zoufftgen, genee op der Grenz mat Lëtzebuerg, e Voyageurs- an e Marchandisenzuch frontal aneneegerannt. Sechs Leit sinn dobäi gestuerwen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zuchaccident zu Zoufftgen.
Commons: Zoufftgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.