Yu-Gi-Oh! ass e Manga, deen 1996 erauskoum a vum japanesche Mangaka Kazuki Takahashi geschriwwen a gezeechent gouf. E koum tëschent dem 30. September 1996 an dem 8. Mäerz 2004, an 343 Kapitelen, am bekannte Weekly Shonen Jump Magazin eraus. Spéider gouf en nach eng Kéier eenzel an 38 Bänn verëffentlecht. Nodeems de Manga schonn e groussen Erfolleg war, ass duerno och en Anime erauskomm, un deem den Takahashi och matgeschafft huet. Duerno ass och dat aus dem Manga/Anime bekannt Kaartespill op de Maart komm. D'Spill war och e groussen Erfolleg a gëtt bis haut op groussen Turnéieren op der ganzer Welt gespillt.[1]
|
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Manga Yu-Gi-Oh!. Fir aner Bedeitunge vu Yu-Gi-Oh!, kuckt wgl. Yu-Gi-Oh! (Homonymie). |
Och en ettlech Yu-Gi-Oh!-Filmer a Videospiller a Merchandise si bis haut erauskomm. Den Takahashi huet sech bei der Kreatioun vum Manga un der egyptescher Kultur inspiréiert. Ausserdeem hat d'Sammelkaartespill Magic: The Gathering groussen Afloss op d'Erschafe vu Yu-Gi-Oh!.