From Wikipedia, the free encyclopedia
E Manga ass eng Bande dessinée (B.D.) aus Japan. Dës B.D.en zeechne sech duerch ee besonnesche Stil aus, dee bei eis dacks als "schlecht gemaach" ugesi gëtt. Bal ëmmer si Mangae schwaarz-wäiss a ginn am Original an der japanescher Liesweis, dat heescht, vun uewen no ënnen an vu riets no lénks publizéiert. D'iwwersate Versiounen hale sech ëmmer méi dacks un déi Richtung.
A Japan ginn déi B.D.en ufanks an Zeitunge publizéiert a wa se beim Public gutt ukommen, a Bicher zesummegefaasst. Déi Bicher hunn zum dacksten ee Format vu 17 op 11 cm.
Fir d'Handlung vun de Geschichte gëtt et keng Reegelen. Et gëtt Mangae fir Kanner, eeepesch Geschichten, Superhelden-Geschichten, romantesch Mangaen, Mangae fir Erwuesener asw.
Bei eis bekannt Mangae sinn z. B.: Dragonball, Sailor Moon, One Piece, Neon Genesis Evangelion, Naruto ...
Commons: Manga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.