lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Fëschbech From Wikipedia, the free encyclopedia
Weyer ass eng Uertschaft an der Gemeng Fëschbech. Se läit op hallwem Wee tëscht Allënster a Kéideng, westlech vum CR119, op enger Héicht vun 308 m.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Weyer | |
---|---|
Vue op Weyer (2014) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Weyer de: Weyer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Fëschbech |
Buergermeeschter | Lucien Brosius |
Awunner | 10 |
1. Januar 2022 | |
Fläch | 262,6524 ha[1] |
Héicht | 308 m |
Koordinaten |
49° 43’ 33’’ N 06° 11’ 56’’ O |
Duerch Weyer leeft den CR101 dee vun der belscher Grenz bei Kënzeg kënnt a kuerz hannert der Uertschaft op den CR119 stéisst an do zu Enn geet.
Déi eelst schrëftlech Quell, an där Weyer als Wiwere ernimmt gëtt, ass vun 960. Enger Legend no huet de Gerard von Schwarzenberg zu Weyer 1612 eng Kapell opriichte gelooss, nodeems seng Schwëster an engem Weier e Bild mat der Muttergottes fonnt hätt. Eng aner Quell erzielt vu Baueren aus dem Duerf, déi do eng zimmlech schappeg Statu vun der Muttergottes aus dem Waasser gefëscht hätten. No an no hu sech aner Bauere ronderëm d'Kapell néiergelooss[2].
Bis haut sinn, nieft der Kapell, 3 Bauerenhäff aus dem 18. a fréien 19. Joerhonnert erhalen. Allen dräi, mat der Kapell, goufen den 2. Mäerz 2022 als national Kulturierfschafte klasséiert.[3]
Commons: Weyer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.