Wandelstär
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Wandelstäre versteet een an der Observatiounsastronomie déi Himmelskierper, déi hir Positioun a kuerzen Zäitraim visuell veränneren. Dozou zielen d'Planéiten, den Äerdmound, d'Sonn souwéi d'Asteroiden an d'Koméiten. Dës wandelnd Himmelskierper stinn am Géigesaz zu de Fixstären, déi um Stärenhimmel visuell ëmmer déi selwecht Positioun hunn.
De Begrëff vun de Wandelstären an hire Bezuch zu de Fixstäre war en zentralen Aspekt vun der viranticker an anticker Protoastronomie a -Kosmologie[1] bis an d'Neizäit. Hie spillt nach am Kepler sengem astrologesche Wierk eng bedeitend Roll, geneesou wéi a sengem wëssenschaftleche Wierk, wéi z. B. d'Harmonice mundi.[2] D'Berechnung vu Stäreplazen ass fir Wandelstäre vill méi schwéier wéi fir Fixstären (kuckt och Ephemeriden).
Den Ausdrock Fixstär ass an der Astronomie allgemeng normal (obwuel och schonn iwwerlieft, zanter d'Eegebeweegung vun de Stäre bekannt ass). Den Ausdrock Wandelstär notzt kee Fatz an der preziser Fachsprooch vun der Astronomie. Trotzdeem huet de Begrëff an der elementarer Astronomiedidaktik bis haut seng Plaz, well hie vill speziell Problemstellunge vun der theoreetescher Himmelsmechanik, der astronomesche Phenomeenologie, der astronomescher Zäitmiessung wéi och der numerescher Modelléierung oder der Konstruktioun vu Planetarien bildlech illustréiert.[3],[4],[5]