![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/17/Sternenhimmelhal.jpg/640px-Sternenhimmelhal.jpg&w=640&q=50)
Stärenhimmel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Stärenhimmel versteet een
- den Ubléck vum Nuetshimmel –
- mat senge Stären déi ee mat bloussem A geséit (jee no Siicht, e puer Honnert bis 3.000);
- d'Himmelskugel, eng Richtungs- oder Eenheetskugel.
- An der Antiquitéit hunn d'Leit geduecht, d'Stäre wieren un den Himmel gepecht.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/17/Sternenhimmelhal.jpg/640px-Sternenhimmelhal.jpg)
De Stärenhimmel besteet a verschiddenen Hisiichten aus zwou Hallschenten oder Hemisphären:
- Siichtbaren Himmel an Himmelshallschenten ënner dem Horizont
- Nërdleche Stärenhimmel a Südleche Stärenhimmel, gedeelt laanscht dem Equator (am Süden ass den Zentrum vun der Mëllechstrooss an huet dofir méi Stären)
- Stärenhimmel nërdlech a südlech vun der Ekliptik (visuell Joresbunn vun der Sonn ënner de Fixstären)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/06/Universum.jpg/640px-Universum.jpg)
Fir d'Astrometrie an d'Sphäresch Astronomie ass de Stärenhimmel d'Basis fir Definitioun vu Bezuchssystemer fir 'stärefest Koordinaten, sideresch Perioden a fir d'Uerts- respektiv Weltzäit (UT). Kuckt dozou och Zäitsystemer.
Der Geodesie an der Navigatioun gëtt de Stärenhimmel d'Méiglechkeet, absolut Richtungen ze moossen, Moossen ze huelen an d'Gestalt vun eiser Äerd ze bestëmmen.
Fir d'Physik bitt de Stärenhimmel mat wäite Stärendistanzen a Galaxien déi wichteg Méiglechkeet, een Inertialsystem ze definéieren.
D'Bezugssystemer fir Zäit, Koordinaten a physikalesch Moosse ginn aus dem Stärenhimmel ofgeleet. Hir Parameter an déi vun der Äerd ginn international eenheetlech definéiert – woubäi d'IAU, d'IUGG, d'IAG, an FIG enk zesumme schaffen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Planisph%C3%A6ri_c%C5%93leste.jpg/640px-Planisph%C3%A6ri_c%C5%93leste.jpg)