Himmelsmechanik
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Himmelsmechanik oder d'Astrodynamik ass d'Beschreiwung vun der Beweegung vun astronomeschen Objeten (wéi z. B. Stären oder Planéiten) ënner sech, mat Hëllef vu physikaleschen a mathemateschen Theorien.
Am bekanntsten ass d'Beschreiwung vun der Planéitebeweegung duerch déi klassesch Mechanik mat Hëllef vun der Newtonescher Gravitatiounstheorie.
Am Laf vun der Astronomie-Geschicht gouf d'Wierkung vun der Gravitatioun tëscht astronomesche Kierper (z. B.: d'Planéiten am Sonnesystem) duerch modern Theorien ëmmer méi genee beschriwwen. – Sou ass et gelongen, d'Beweegung vum Planéit Merkur mat Hëllef vun der allgemenger Relativitéitstheorie ganz genee ze beschreiwen.
Mat Hëllef vun der Himmelsmechanik ginn haut all d'Eegebeweegunge vun Himmelskierpere beschriwwen.
Dobäi handelt et sech besonnesch ëm d'Beweegungen:
- d'Kierper am Sonnesystem, inklusiv de Mounden an de Klengkierper wéi d'Asteroiden, an d'Koméiten,
- déi eenzel Stären a Stäresystemer wéi oppen- a kugelfërmeg Stärekéip, an
- d'astronomesch Objete banne vu Galaxien, an d'Beweegung vu Galaxien zoueneen, z. B. a Galaxiëkéip.
Eng historesch Method vun der Himmelsmechanik am geozentresche Weltbild ass d'Epizykel vum Ptolemäus.