From Wikipedia, the free encyclopedia
E Verkéiersschëld ass eng vertikal Signalisatioun déi vum Code de la Route virgesinn ass fir de Stroossebenotzer ze soen u wat se sech ze halen hunn, fir se virun enger Gefor ze warnen, an awer och fir hinnen et méi einfach ze maache fir sech iwwerall erëmzefannen.
Am Lëtzebuerger Code de la Route ginn d'Schëlter am Artikel 107[1] dem Gebrauch no agedeelt:
Kapitel | Kategorie | Erklärung |
---|---|---|
I. | Warnschëlter | Schëlter fir op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen. |
II. | Virfaartsschëlter | Schëlter déi uginn a wat fir enger Reiefolleg déi verschidde Chauffere fueren däerfen. |
III. | Verbuetsschëlter | Schëlter déi op e Verbuet oder eng Restriktioun hiweisen. |
IV. | Gebuetsschëlter | Schëlter déi e Gebuet uweisen. |
V. | Hiwäisschëlter | Schëlter déi de Chaufferen entweeder eng Richtung ugi fir en Zil z’erreechen, s'op eppes opmierksam maachen oder hinne soss eng Hëllef ginn. |
VI. | Schëlter fir ze parken, ze stationéieren a stallzehalen | Schëlter déi ugi wou et erlaabt oder verbueden ass parken, ze stationéieren oder stallzehalen. |
VII. | Spuereschëlter | Schëlter déi gëlteg si fir eng oder méi Spuere vun enger Strooss, wann dës Strooss méi Spueren an enger Richtung huet. |
VIII. | Zoneschëlter | Schëlter déi z. B. e Verbuet, e Gebuet oder d'Modalitéite vum Stationéieren uweisen an déi sech op méi Stroosse bezitt déi uneneen hänken, ouni datt all Schëld no all Kräizung erëm misst widderholl ginn. |
IX. | Symboler an aner Beschrëftungen | D'Schëlter aus de Kapitelen hei driwwer kënne mat Symboler oder Beschrëftunge completéiert ginn. Dës Symboler an d'Beschrëftunge ginn op en Zousazschëld geschriwwen dat ënner dem Schëld hänkt. |
Dëst ass d'Lëscht vun de Verkéiersschëlter wéi s'am Artikel 107(Stand: Juni 2024) opgezielt sinn
Commons: Verkéiersschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.