![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/38/Tutanchamun_Maske.jpg/640px-Tutanchamun_Maske.jpg&w=640&q=50)
Tutanchamun
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tutanchamun (och Tutenchamun; ursprénglech Tutanchaton) war e Kinnek (Pharao) aus dem Alen Egypten, vun der 18. Dynastie aus dem sougenannten Neie Räich, deen ongeféier tëscht 1332 an 1323 v. Chr. regéiert huet.
Tutanchamun | |
---|---|
![]() D'Doudemask vum Tutanchamun | |
Gebuertsnumm | Tutankhaten |
Gebuer | 1341 v. Chr. jul. |
Gestuerwen | 1323 v. Chr. jul. |
Doudesursaach | Malaria |
Aktivitéit | Herrscher |
![]() |
Hie gouf bekannt, wéi den Howard Carter 1922 säi Graf (KV62) am Dall vun de Kinneken entdeckt huet, dat praktesch ganz erhale bliwwe war an net virdru geplëmmt gi war.
Dem Zahi Hawass no wier hien de Jong vum Echnaton[1] Hie soll op d'mannst sechs Gesëschter oder Hallefgesëschter gehat hunn: Meritaton, Maketaton, Anchesenpaaton, Neferneferuaton, Neferneferure a Setepenre.
Hien ass mat véier Joer als Tutanchaton op den egypteschen Troun komm. Et gëtt ugeholl, datt d'Priisterschaft vu sengem jonken Alter profitéiert huet, fir d'"Revolutioun", déi den Echnaton zu hiren Ongonschten ausgeléist hat, an déi dodra bestanen huet, den Aton als Haaptgott ze veréieren, nees réckgängeg ze maachen. Den Tutanchaton huet deemno säin Numm an Tutanchamun ëmgeännert. Och déi vum Echnaton nei gegrënnt Haaptstad Achet-Aton gouf opginn an de Kinnekshaff ass op Memphis geplënnert.
Den Tutanchamoun ass jonk, mat 18 bis 20 Joer, tëscht Dezember 1324 v. Chr. a Mëtt Februar 1323 v. Chr. gestuerwen. Et gëtt ugeholl, datt en duerch en Accident gestuerwen ass; CT-Analyse vu senger mumifizéierter Läich hunn 2005 erginn, datt en d'Bee gebrach hat.
Den Eje II. gouf säin Nofollger.