![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0d/Karte_Tal_der_K%25C3%25B6nige_02.jpg/640px-Karte_Tal_der_K%25C3%25B6nige_02.jpg&w=640&q=50)
Dall vun de Kinneken
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dall vun de Kinneken (ar.: وادي الملوك Wādī al-Mulūk) war eng Nekropol am Alen Egypten, an där bis haut 64 Griewer a Grouwen entdeckt goufen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0d/Karte_Tal_der_K%C3%B6nige_02.jpg/640px-Karte_Tal_der_K%C3%B6nige_02.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/9a/Tal_der_K%C3%B6nige_01.jpg/640px-Tal_der_K%C3%B6nige_01.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/98/Grabeingang-Tal_der_K%C3%B6nige-Aegypten.jpg/640px-Grabeingang-Tal_der_K%C3%B6nige-Aegypten.jpg)
Am Dall vun de Kinneke si besonnesch d'Griewer vun den Herrscher vum Neie Räich (ca. 1550 bis 1069 v. Chr.), vun der 18. bis 20. Dynastie, ze fannen. Den Dall läit zu Theben-West, vis-à-vis vu Karnak, um Bord vun der Wüst, mat héije Bierger ronderëm, notamment déi natierlech Fielsepyramid el Korn oder el-Qurn ("d'Har"). Südlech dovu läit den Dall vun de Kinniginnen.
Schonn an der Antiquitéit goufen dacks d'Mumien op enger anerer Plaz verstoppt, fir se viru Grafraiber ze schützen. Obwuel zanter Joerdausenden do ëmmer nees geraibert a geplëmmt gouf, goufen a ginn och an der Neizäit ëmmer erëm nei Griewer entdeckt. Ënner anerem gouf do 1922 vum Howard Carter d'Graf vum Tutanchamun (KV62) entdeckt, dat praktesch zanter senger Installation onberéiert war.
An der Egyptologie ginn d'Griewer mat Prefix "KV" (englesch fir "Kings' Valley") duerchnumeréiert.