Tina Gillen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Tina Gillen, gebuer de 24. Februar 1972 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Molerin, déi zu Bréissel wunnt a schafft.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Tina Gillen | |
---|---|
Gebuer |
24. Februar 1972 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, visuelle Kënschtler |
Zoumaachen
Si huet vun 1992-1996 op der Hochschule für angewandte Kunst zu Wien studéiert, an huet duerno bei Workshoppen a Residenzen ë. a. zu Budapest, Antwerpen, Collioure, Amsterdam, New York City, a Madagaskar an Indonesien matgemaach.
2001 krut si den Dexia/BIL-Präis fir jonk Artisten.
2022 huet si am Lëtzebuerger Pavillon op der Konschtbiennale vu Venedeg ausgestallt.[1]