From Wikipedia, the free encyclopedia
Talence ass eng Stad am Südweste vun Frankräich an der Regioun Nei-Aquitaine. Et ass mat iwwer 40.000 Awunner, no Bordeaux, Mérignac a Pessac, déi véiertgréisst Stad vun der Gironde.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Gironde | ||||
Arrondissement | Bordeaux | ||||
Kanton | Talence | ||||
Postcode | 33400 | ||||
Gemengecode | 33522 | ||||
Koordinaten | 44° 48’ 00’’ N 00° 35’ 02’’ W | ||||
Fläch | 828 ha | ||||
Bevëlkerung | 42 293 (2009) |
Talence ass och de Chef-lieu vum Canton de Talence.
Talence läit am Süde vun der Agglomeratioun Bordeaux an ass ëmgi vun de Stied vun der Communauté urbaine de Bordeaux, Pessac, Bègles, Gradignan a Villenave-d'Ornon.
Den Territoire vun Talence war laang mat Bësch bedeckt, an deem vereenzelt Wëllschwäin gelieft hunn. Dëse Bësch soll och um Urspronk vum Numm "Talence" sinn: d'Wuert "Tala" huet d'Holzschloe bezeechent. Am 13. Joerhonnert hu sech dunn noeneen d'Nimm "Talanssa", "Talencia" an "Talance" entwéckelt.
Talence war eng Uertschaft, déi ëmmer erëm a Kricher ausgeplënnert an zerstéiert gouf, an huet sech eréischt richteg am 17. Joerhonnert entwéckelt. D'Proximitéit vun Talence zu Bordeaux an d'Presenz vun dräi groussen an relativ sécheren Handelsstroossen, d'Stroosse vun Toulouse, Bayonne a La Teste, hunn déi räich Bourgeoisie vu Bordeaux ugezunn, vun deenen der vill sech grouss Schlässer baue gelooss hunn, wéi zum Beispill de Banquier Samuel Charles Peixotto.
Trotzdeem bleift Talence éischter eng ländlech Géigend. Et ass eréischt um Enn vum 19. an am Laf vum 20. Joerhonnert, datt Talence sech als Stad affiméiert huet a verschidden industriel Aktivitéite sech entwéckelt hunn.
An den 1970er an 1980er Joren ass d'Industrie aus Talence verschwonnen an et sinn haaptsächlech Wunnquartieren iwwereg bliwwen.
Um Wope vun Talence steet: "D'or, aux talles de sinople posées sur une terrasse du même, au sanglier de sable défendu et allumé de gueules brochant sur les tiges".
Um Wopen (gréng, schwarz, gold), gesäit een e Bam mat zwéi groussen Äscht ("talles"), déi op den Numm "Talence" hiweisen, an e Wëllschwäin, well fréier déi räich Leit vu Bordeaux op Talence joe komm sinn.
De gréissten Deel vun de Betriber zu Talence kënnt aus dem Tertiäre Secteur. Landwirtschaft gëtt et quasi keng an d'Industrie ass nëmme schwaach vertrueden. De Chômage huet 1999 14 % erreecht (12,9 % fir ganz Frankräich).[1]
|
|
|
Quell: INSEE
Geschlecht | Talence (2005) | Frankräich (2005) | Talence (1999) |
---|---|---|---|
Männer | 46 % | 48,3 % | 47 % |
Fraen | 54 % | 51,7 % | 53 % |
Altersklass | Talence (2005) | Frankräich (2005) | Talence (1999) |
---|---|---|---|
Ënner 19 Joer | 23 % | 25,4 % | 20,2 % |
Zwëscht 20 an 39 Joer | 38 % | 26,6 % | 40 % |
Zwëscht 40 an 59 Joer | 23 % | 27,7 % | 21,4 % |
Iwwer 60 Joer | 16 % | 20,3 % | 19,4 % |
Commons: Talence – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.