Surinam
Republik an Südamerika / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Republik Surinam, och Surinam (Hollännesch: Republiek Suriname [repyˈbli:k syɾiˈna:mə]; Sranan Tongo: Sranan [sra:ˈnaŋ]) läit a Südamerika, op der Nordwestküst vum Atlanteschen Ozean bei 4° Nord a 56° West. D'Land grenzt am Osten u Franséisch-Guayana, am Süden u Brasilien an am Westen u Guyana. Den Numm Surinam kënnt warscheinlech vum Stamm vun de Surinen, deen duerch d'Arawaken aus dësem Gebitt verdriwwe gouf. De 25. November 1975 gouf Surinam onofhängeg vun Holland. Zanterhier si vill Surinamer an Holland ausgewandert.
Dëse Geographiesartikel iwwer Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Republik Surinam | |||||
| |||||
National Devise: Justitia - Pietas - Fides ("Gerechtegkeet - Flicht - Trei") | |||||
Offiziell Sprooch: | Hollännesch | ||||
Haaptstad: | Paramaribo | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Chan Santokhi | ||||
Fläch: | 163 820[1] km² | ||||
• Dovu Waasser: | 1,1 % | ||||
Bevëlkerung: | 492 829[2] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 3/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vun Holland, de 25. November 1975 | ||||
Nationalfeierdag: | 25. November | ||||
Nationalhymn: | God zij met ons Suriname | ||||
Wärung: | Surinam-Dollar | ||||
Zäitzon: | UTC -4 | ||||
Internet TLD: | .sr | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+597 |