![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/74/NWA869Meteorite.jpg/640px-NWA869Meteorite.jpg&w=640&q=50)
Steemeteorit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Steemeteoritte bestinn haaptsächlech aus Pyroxen-, Olivin- a Plagioklas-Mineralen; 94 % vun alle Meteoritte si Steemeteoritten.[1] An de meeschte Steemeteoritte si kleng Schmëlzkugelen, sougenannt Chondren, a si ginn dofir als Chondritte bezeechent. Si maache mat 86 % vun alle Meteoritten de gréissten Deel aus. Steemeteoritten ouni Chondre ginn Achondritte genannt; si kommen mat engem Undeel vun dräi Prozent vun alle Meteoritten zimmlech rar vir.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/74/NWA869Meteorite.jpg/640px-NWA869Meteorite.jpg)
Obwuel Steemeteoritte méi dacks virkomme wéi Eisemeteoritten, si Steemeteoritte méi schwéier z'identifizéieren, well si ierdesche Steng gläichen a méi séier verwittere wéi Eisemeteoritten. Eng objektiv Bestëmmung vun Heefegkeet ass dofir an ongewéinlecher Ëmgéigend wéi an der Antarktis oder a Steppegebidder mat wéineg Steng, wéi Deeler vum US-Bundesstaat Kansas, méi einfach.