From Wikipedia, the free encyclopedia
Meteoritte si Festkierper vun ausserierdeschem Ursprong, déi duerch d'Atmosphär op d'Äerd falen. Si besti gewéinlech aus Silikatmineralen oder engem Eisen-Néckelalliage. Well et sech bal ëmmer ëm villkäreg Mineralaggregaten handelt, gi si onofhängeg vun hirer cheemescher Zesummesetzung zum Gestengs gezielt.
Als Meteoroid bezeechent een den Urspronkskierper, wann en nach am interplanetaresche Raum ass. Beim Antrëtt an d'Atmosphär liicht en op, wat als Meteor bezeechent gëtt. Wann en an der Atmosphär net vollstänneg vergloust, an en op de Buedem fält, nennt een e schliisslech Meteorit.
Meteoritte goufen am Sonnesystem produzéiert a si erméiglechen Ablécker an d'Fréizäit.
Meteoroiden, déi aus dem Sonnesystem stamen, hunn am Beräich vum Äerdorbit eng maximal heliozentresch Vitess vu ronn 42 km/s. Well d'Bunnvitess vun der Äerd ongeféier 30 km/s ass, sinn d'Relativvitessë vu maximal 72 km/s oder 260.000 km/h méiglech.
Beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär ginn d'Meteoritte ganz staark ofgebremst, an dobäi un der Uewerfläch sou staark erhëtzt, datt si deelweis schmëlze resp. verdämpen. Well de Stuerz duerch d'Äerdatmosphär nëmmen e puer Sekonnen dauert, ka sech de Kär vu virun allem gréissere Meteoritten net besonnesch vill ophëtzen. Eréischt nom Opschlag kann déi un der Uewerfläch entstane Reiwungswäermt sech an dat Bannenzegt duerch Wäermleedung weiderginn. Well de Volume vun der opgehëtzter Uewerfläch am Verhältnes zum ganzen Volumen awer meeschtens kleng ass, bleift de Kär relativ kill an onverännert.
D'Wuert Meteorit leet sech of vum griicheschen μετέωρος metéōros mat der Bedeitung "eropgehuewen", "héich an der Loft" (vgl. Meteorologie). Haaptsächlech bis Mëtt vum 20. Joerhonnert goufe Meteoritte meeschtens Meteorsteng genannt[1][2], virdrun waren och d'Bezeechnungen Aerolith ("Loftsteen") an Uranolith[2] ("Himmelssteen") verbreet.[3] Bis Ufank vun den 1990er Jore goufen déi haut als Meteoroide bezeechent Objeten – genee wéi déi op d'Äerduewerfläch geroden Iwwerreschter vun dësen Objeten – als Meteoritte gefouert.[4],[5]
Commons: Meteorit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.