Siderurgie zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Siderurgie, also d'Eisen- a Stolindustrie zu Lëtzebuerg ass en Industriesecteur, deen (Stand 2020) knapps 2 % vum GDP ausmécht.
An der Vergaangenheet, vun ca. 1890 un a bal dat ganzt 20. Joerhonnert erduerch, huet den Export vun Eisen- a Stolprodukter eng aussergewéinlech wichteg Roll an der Ekonomie vu Lëtzebuerg gespillt, a war, zesumme mat der Extraktioun vun der Minett, d'Basis vum wirtschaftleche Wuelstand vum Land am 20. Joerhonnert: Lëtzebuerg stoung bei wäitem un der Weltspëtzt, wat d'Produktioun vu Stol an Eisen pro Awunner a Joer (12 bis 15 Tonnen) betrëfft. An den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert war Lëtzebuerg weltwäit op sechster Plaz, wat de Volume vu produzéiertem Stol an Eisen ugeet, an d'Arbed war ënner den 10 gréisste Stolkonzerner. Och haut nach huet d'Nofollgergesellschaft ArcelorMittal, dee gréisste Stolkonzern vun der Welt, säi Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.
D'Entwécklung vun der Siderurgie war méiglech, wéinst de Minettslageren um südleche Bord vum Land (Deel vum Loutrenger Minettsbaseng), an dem Investissement an d'Veraarbechtung, virum Éischte Weltkrich vun däitsche Stolkonzerner, an dono vu belsch-franséischem Kapital.
Vun den 1960er Joren un huet d'Roll vun der Siderurgie an der Ekonomie vum Land, relativ gekuckt, ugefaangen ofzehuelen, ma besonnesch vun 1974 un, wéi déi éischt Stolkris an Europa ausgebrach ass, goung d'Produktioun däitlech erof (bis 1992 ëm 50 %), an d'Zuel vun de Beschäftegten ass vu bal 30.000 op knapps 10.000 gefall.
Bis 1997 waren integréiert Wierker a Betrib, déi Minett an Héichiewe geschmolt, deen esou gewonnene Goss zu Stol verschafft, an dann zu Endprodukter – Schinnen, Dunnen, Spuntwänn, asw. - verschafft hunn. D'Minette koum aus de Grouwen zu Lëtzebuerg an um Enn virun allem aus dem Loutrengeschen; de Kock fir d'Héichiewen aus Däitschland an der Belsch. Zanterhier gëtt de Stol aus Eiseschrott gewonnen, deen an Elektroiewe geschmolt an dann nees nei verschafft gëtt. 2019 waren nach 5 Betriber an der Siderurgie, déi 2.119 Milliounen Tonne Stol produzéiert hunn, aktiv.[1]