Sergei Witauto Puskepalis
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sergei Witauto Puskepalis (op Russesch: Сергей Витауто Пускепалис), gebuer de 15. Abrëll 1966 zu Kursk[1] a gestuerwen den 20. September 2022 bei engem Autosaccident an der Géigend vun Jaroslawl[2], war e russeschen Theater- a Filmschauspiller an Theaterregisseur[3] vu litauesch-bulgarescher Ofstamung[4].
Dësen Artikel aus dem Theaterberäich an aus dem Drama ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sergei Witauto Puskepalis | |
---|---|
Gebuer |
15. Abrëll 1966 Kursk |
Gestuerwen |
20. September 2022 Oblast Jaroslawl |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Russland |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmdréibuchauteur |
Hien ass zu Kursk op d'Welt komm an 1980 ass hie mat senger Famill op Saratow geplënnert. Do huet de Sergei Puskepalis Theater- a Filmregie studéiert, a bis 1998 huet de Kënschtler am Saratower Theater fir jonk Spectateure geschafft[5]. Vun 1998 bis 2001 huet en op der Russescher Akademie fir Theaterkonscht (RATI-GITIS) studéiert, an duerno a verschiddene russeschen Theateren als Regisseur geschafft. 2003 huet hien och eng Filmcarrière als Schauspiller ugefaangen[6].
1999 krut de Puskepalis den Titel Éierekënschtler vu Russland[7]. Hien ass ee vun de bekanntsten Theaterregisseuren a Russland. Als Filmschauspiller hat hie Haaptrollen a Filmer wéi Prostyje weschtschi (Простые вещи, "Einfach Saachen"; 2006) a Kak ja prowjol etim letom (Как я провёл этим летом, "Wéi ech dëse Summer verbruecht hunn"; 2010). Fir d'Roll als Sergei, engem vun zwéin Haaptpersonnagen am Film Kak ja prowjol etim letom, krut hien zesumme mat sengem Matspiller Grigori Dobrygin e Grand Prix fir de beschte Schauspiller op der Berlinale 2010[8].
Trotz den Originnen - als Fils vun engem litauesche Papp an enger bulgarescher Mamm, schwätzt hie schlecht Litauesch a kee Bulgaresch[4]. De Sergei Puskepalis gouf als en aktiven Ënnerstëtzer vun der sougenannter "Volleksrepublik Donezk" bekannt[9].
An den 1980er Jore war seng Fra d'Saratower Theateractrice Elwira Danilina. De Fils aus sengem nächsten, zweete Bestietnes, de Gleb Puskepalis, ass och Schauspiller[6].