franséische Sänger (1928–1991) From Wikipedia, the free encyclopedia
De Serge Gainsbourg, mam richtegen Numm Lucien Ginsburg, gebuer den 2. Abrëll 1928 zu Paräis, a gestuerwen och do den 2. Mäerz 1991, war e franséische Museker, Komponist, Sänger, Auteur, Schauspiller a Filmregisseur.
Serge Gainsbourg | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lucien Ginsburg |
Gebuer |
2. Abrëll 1928 4. Arrondissement |
Gestuerwen |
2. Mäerz 1991 7. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Lycée Condorcet, École Normale de Musique de Paris |
Aktivitéit | Schauspiller, Komponist, Dichter, Filmregisseur, Schrëftsteller, Sänger, Liddermécher, Pianist, Lidderschreiwer, Jazzmuseker, Dréibuchauteur, Filmkomponist, Filmschauspiller, Museker, Moler |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Brigitte Bardot, Jane Birkin |
Kanner | Charlotte Gainsbourg |
Hie gëllt als eng vun de wichtegste Figure vun der franséischer Chanson- a Pop-Musek, ass och bekannt fir seng dacks provokativ a skandaléis Texter, wéi och säi Behuelen, soudatt en alt de Bäinumm "Enfant terrible" vun der franséischer Chanson krut. Bemierkenswäert ass d'Zuel an de Succès vu senge Lidder, déi en zum Deel fir anerer geschriwwen huet, zum Deel selwer opgeholl a gesongen huet. Hire Stil geet vum Jazz iwwer Mambo, World, Chanson, Pop, Yé-Yé, Rock and Roll, Progressive Rock, Reggae, Disco, bis hin zur Elektronik. Seng Liddertexter si gespickt mat alt witzegen, alt provokative Wuertspiller, Lautspiller an Zweedeitegkeeten, wéi z. B. d'Lidd Les sucettes, dat e fir d'France Gall geschriwwen hat. Fir d'Gall hat en ë. a. och Poupée de cire, poupée de son geschriwwen, déi domat den Eurovision Song Contest 1965 fir Lëtzebuerg gewonnen hat.
De Gainsbourg kënnt aus enger russesch-jiddescher Kënschtlerfamill, déi virun der Russescher Revolutioun a Frankräich geflücht war. Si hunn den Zweete Weltkrich mat falsche Pabeieren zu Limoges iwwerlieft.
Hien huet um Ufank vu senger Carrière als Moler a Pianist a Bare geschafft. Säi Kënschtlernumm huet hie sech zougeluecht, well "Serge" seng russesch Wuerzele besser erëmgéif wéi "Lucien" (a "Lucien" en un e Coiffersgesell erënnert hätt), an de Familljennumm war en Hommage un den englesche Moler Thomas Gainsborough.[1]
Hien huet sech 1952 mat der Elisabeth "Lize" Levitsky bestuet, ma 1957 nees scheede gelooss. 1964 huet hie sech mat der Françoise-Antoinette "Béatrice" Pancrazzi bestuet, mat där en 2 Kanner hat (Natacha a Paul). 1966 hu si sech nees scheede gelooss. An de spéiden 1967er hat hien eng Affaire mat der Brigitte Bardot (déi deemools mam Gunther Sachs bestuet war; hien huet fir si d'Lidd Initials BB komponéiert, a mat hir e puer bekannt Lidder opgeholl, wéi Bonnie and Clyde oder Je t'aime... moi non plus. Dat leschtgenannt huet d'Bardot him verbueden erauszeginn (eréischt 1986 huet si d'Zoustëmmung dozou ginn), mä geschwënn duerno huet de Gainsbourg dëst Lidd mat der Englännerin Jane Birkin opgeholl, déi e bei engem Tournage kennegeléiert hat, a mat där e bis an d'1980er zesumme war. Je t'aime moi non plus, mat vill Gekeims dertëscht, war dee Skandalhit schlechthin, deen op ville Radiosstatioune verbuede war, oder nëmmen an enger gekierzter Versioun huet däerfe gespillt ginn.
An den 1970er Joren huet hien e Konzept-Album, Histoire de Melody Nelson (1971) erausbruecht, duerno, 1975, Rock Around the Bunker, an 1976 L'Homme à tête de chou. Déi zwéin Albumen duerno waren am Reggae-Stil (1979 an 1981 op Jamaika opgeholl, dorënner Aux armes et cætera, eng Neivertounung vun der Marseillaise). 1984 an 1987 huet en der zwéi erausbruecht, déi en am Funk-Stil zu New York opgeholl huet.
1982 huet de Gainsbourg en Album fir den Alain Bashung, Play blessures geschriwwen. Hien ass ëmmer méi dacks onraséiert an alkoholiséiert opgetrueden, huet eng Zigarett un där anerer gefëmmt, an huet de Gainsbarre eraushänke gelooss, eng Zort ruckelzeg Versioun vun him selwer, där en awer ëmmer méi no komm ass.
Seng Lidder goufen ëmmer méi exzentresch an deene leschte Joren, vum kontroverse Lemon incest, dat en am Duo mat senger Duechter Charlotte gesongen huet iwwer d'Anti-Droge-Lidd "Aux Enfants de la Chance" bis zu de Lidder vun deene leschten Alben Love on the Beat a You're Under Arrest, mat ville sexuell-konnotéierten Texter.
Mat der Gesondheet ass et biergof gaangen, an hien ass den 2. Mäerz 1991 no engem Häerzschlag gestuerwen.
Commons: Serge Gainsbourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.