éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Senta Berger, gebuer den 13. Mee 1941 zu Wien, ass eng éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin.
Senta Berger | |
---|---|
Gebuer |
13. Mee 1941 Wien |
Nationalitéit | Éisträich, Däitschland |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Member vun | Deutsche Filmakademie |
Mat 5 Joer huet d'Senta Berger Ballet geléiert a wollt spéider Schauspillerin ginn. Si war duerno um Max-Reinhardt-Seminar.
1958 gouf si Member vum Theater in der Josefstadt.
De Film huet si awer méi ugezunn wéi den Theater, a vun 1959 un huet si ee Film nom anere gedréint.
1962 huet se mam Filmregisseur Michael Verhoeven d'Produktiounsfirma Sentana-Filmproduktion gegrënnt an 1963 huet si sech mat him bestuet.
D'Senta Berger huet eng international Filmcarrière, si huet a Filmer zu Hollywood, an Italien, Frankräich, Däitschland an Éisträich gespillt, mat Regisseure wéi Bernhard Wicki, Sam Peckinpah, Volker Schlöndorff a Wim Wenders. Si war d'Partnerin vu Schauspiller wéi Kirk Douglas, Charlton Heston, James Coburn, Lilli Palmer a Götz George.
1989 hat si e groussen Erfolleg mat der Serie Kir Royal op der däitscher Televisioun. Duerno huet sech hir Carrière bal nëmme méi op der Tëlee ofgespillt.
Zanter 2003 ass si Presidentin vun der däitscher Filmakademie
Commons: Senta Berger – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.