Sedan
From Wikipedia, the free encyclopedia
Sedan (lb: Esdang[1]) ass eng franséisch Stad am Departement Ardennes an der Regioun Grand Est.
Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Ardennes | ||||
Arrondissement | Sedan | ||||
Kanton | Sedan-1 Sedan-2 Sedan-3 | ||||
Postcode | 08200
Communes du Pays Sedanais | ||||
Gemengecode | 08409 | ||||
Koordinaten | 49° 42’ 09’’ N 04° 56’ 28’’ O | ||||
Fläch | 1.628 ha | ||||
Bevëlkerung | 20.981 (2009) |
Zoumaachen
Sedan läit am Dall vun der Meuse mat donieft dem Canal de la Meuse, an ass haaptsächlech bekannt duerch e puer Schluechten, besonnesch déi vun 1870 an déi sougenannt Percée de Sedan vun 1940.
D'Festung vu Sedan zitt all Joer eng grouss Mass vun Touristen un. Et ass vun der Fläch hier déi gréisst Festung an Europa.