![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/03/Seamus_Heaney_%2528cropped%2529.jpg/640px-Seamus_Heaney_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Seamus Heaney
iresche Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Seamus Justin Heaney ([ 'ʃeɪməs 'hiːni ]), gebuer den 13. Abrëll 1939 bei Castledawson, County Londonderry, Nordirland a gestuerwen den 30. August 2013 zu Dublin[1], war en iresche Schrëftsteller. Hie krut 1995 den Nobelpräis fir Literatur.
Seamus Heaney | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
13. Abrëll 1939 Castledawson |
Gestuerwen |
30. August 2013 Dublin |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Irland |
Educatioun | St Columb's College |
Aktivitéit | Dramatiker, Iwwersetzer, Linguist, Dichter, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Schauspiller, Auteur |
Member vun | Aosdána, Royal Irish Academy, Royal Society of Literature, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea |
Famill | |
Bestuet mat | Marie Devlin |
Papp | Patrick Heaney |
Mamm | Margaret Kathleen McCann |
![]() |
1966 gouf den Heaney Dozent op der Queen's University an hat 1970/71 eng Gastdozentur op der University of California, Berkeley. 1972 huet hie seng Plaz op der Belfaster Universitéit gekënnegt an ass mat senger Famill an de County Wicklow an der Republik Irland wunne gaangen. Zanter 1976 huet hien zu Dublin gewunnt an do um Carysfort College Course ginn, ier e vun 1985 bis 2006 eng Professur a Rhetorik op der Harvard Universitéit an de Vereenegte Staaten iwwerholl huet. Gläichzäiteg war e vun 1989 bis 1994 Professor of Poetry op der Universitéit vun Oxford a war e Saoi bei Aosdána.