Saint Seiya
Mangaserie / From Wikipedia, the free encyclopedia
Saint Seiya (Japanesch: 聖闘士セイント星セイ矢 "Seinto Seiya"ヤ) , och bekannt als The Knights of the Zodiac, ass eng Mangasserie, déi vum Masami Kurumada[1] geschriwwen a illustréiert gouf. Se gouf vum 3. Dezember 1985 am Shūkan Shōnen Jump Magazin vum Shūeisha Verlag publizéiert, bis den 12. Dezember 1990, wou s'am V Jump Magazin erauskoum. D'Mangasserie gouf spéiderhin fir eng animéiert Serie vun 114 Episoden adaptéiert. Et goufen och fënnef animéiert Filmer an ee computeraniméierte Film produzéiert.[2]
![]() | |
Land | Japan |
---|---|
Sprooch | Japanesch |
Auteur | Masami Kurumada |
Band duerno | Saint Seiya: Next Dimension |
![]() |
108 Kapitele vu Mangae goufen zesumme mat enger spezieller Editioun publizéiert, am Ganzen 109, an 28 Bänn mat dräi Haaptsagaen: Sanctuary, Poseidon an Hades.[3]
D'Serie konzentréiert sech op eng Grupp vu jonke Kricher, déi “Ritter" genannt ginn (oder "Helleger"). Deenen hir Haaptprotagonist ass de Seiya (e Ritter, deen d'Rüstung vum Pegasus huet). Dës Kämpfer kämpfen op der Säit vun der griichescher Gëttin Athena, reinkarnéiert am mënschleche Saori Kido, fir d'Mënschheet géint déi béis Kräften déi d'Äerd dominéiere wëllen, ze schützen. Ënner anerem kämpfen si géint de Poseidon, de Gott vun de Mieren, esou wéi och géint den Hades, de Gott vun der Ënnerwelt. Fir hir Bataillë benotzt all Ritter seng ënnerlech Energie, déi verbonne mam Universum ass (de "Kosmos"), seng speziell Kampftechniken, a seng Rüstung, all inspiréiert vun engem vun den 88 Stärebiller.
Souwuel d'originell Mangaen wéi och d'Anime-Adaptatioun ware ganz erfollegräich a Japan an an europäesche Länner wéi Frankräich, Italien, Spuenien, Portugal, an an de meeschte latäinamerikanesche Länner. Den Anime gouf eréischt 2003 op Englesch iwwersat an ass an den USA koum.[4]
An engem Ranking, deen a Japan online gemaach gouf an 2005 vun der Televisiounschaîne TV Asahi vun den 100 beschten Animen an der Geschicht verëffentlecht gouf, huet Saint Seiya déi 11. Plaz erreecht, an déi 13. an engem anere Ranking, deen 2006 gemaach gouf, déi 25. Plaz.[4]