De Sacha Guitry (Alexandre Georges-Pierre Guitry), gebuer den 21. Februar 1885 zu Sankt Péitersbuerg, a gestuerwen de 24. Juli 1957 zu Paräis, war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur. Hien huet och Theaterstécker geschriwwen.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...
Sacha Guitry
Thumb
Gebuertsnumm Alexandre-Georges-Pierre Guitry
Pseudonym Jacques Lorcey
Gebuer 21. Februar 1885
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 24. Juli 1957
Paräis
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Janson de Sailly
Aktivitéit Dréibuchauteur, Dramatiker, Filmregisseur, Theaterregisseur, Librettist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Auteur, Regisseur, Schauspiller
Member vun Académie Goncourt
Famill
Bestuet mat Jacqueline Delubac, Geneviève Guitry, Charlotte Lysès, Yvonne Printemps, Lana Marconi
Papp Lucien Guitry
Mamm Renée Delmas
Geschwëster Jean Guitry
Zoumaachen
Thumb
De Sacha Guitry als Mozart (1926)

Mat spatzer Fieder huet de Sacha Guitry liicht Kaméidistécker geschriwwen. D'Filmkritiker hunn him dacks virgeworf, hie géif fir de Kino nëmme verfilmten Theater dréinen. Hie war och an de meeschte Filmer, déi e gedréint huet, an enger Haaptroll ze gesinn.

De Sacha Guitry ass de Jong vum Theaterschauspiller Lucien Guitry (1860 - 1925).

Filmographie als Regisseur

Laangfilmer

Kuerzfilmer

  • Ceux de chez nous (1915) mam André Antoine
  • Le mot de Cambronne (1938) mam Pauline Carton
  • La loi du 24 juin 1907 (1943) mam Arletty a Fernand Ledoux

Filmographie als Schauspiller

Theaterstécker (Auswiel)

  • Mon père avait raison (1919)
  • Le Mot de Cambronne (1936)
  • Quadrille (1937)
  • N'écoutez pas, mesdames (1942)

Triviales

De Sacha Guitry war fënnefmol bestuet:

  • Charlotte Lysès (1907-1918)
  • Yvonne Printemps (1919-1934)
  • Jacqueline Delubac (1935-1939
  • Geneviève de Séréville (am Film: Geneviève Guitry) (1940-1944)
  • Lana Marconi (1949-bis zu sengem Doud)
Wikiquote: Sacha Guitry – Zitater

Um Spaweck

Commons: Sacha Guitry – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.