From Wikipedia, the free encyclopedia
Rouderssen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Parc Housen am Kanton Klierf.
Rouderssen | |
---|---|
D'Haaptstrooss zu Rouderssen (2014) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Rodershausen de: Rodershausen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Parc Housen |
Buergermeeschter | Romain Wester |
Awunner | 133 |
01 Januar 2021 | |
Fläch | 381,9987 ha[1] |
Koordinaten |
50° 02’ 20’’ N 06° 07’ 51’’ O |
Bis Enn 2011 war si Deel vun der fréierer Gemeng Housen, déi du mat de Gemenge Konstem an Houschent zu der Gemeng Parc Housen fusionéiert huet.
D'Uertschaft läit op der Nationalstrooss 10, der sougenannter "Strooss vun den dräi Flëss" tëscht Uewereesbech, respektiv Kounenhaff, an Doosber Bréck.
Bis 1815, wéi d'Grenzen nei festgeluecht goufen, huet Rouderssen zu der Gemeng Doosber gehéiert.
Den deemolege Schoulmeeschter Jos Bour huet vum 3. Februar 1930 un eng Schülerzäitschrëft, Das stille Tal, mam Ënnertitel Rodershausener Schülerzeitung, zesumme mat de Kanner aus dem Duerf publizéiert. Déi uechzéngt a lescht Nummer ass op den 1. September 1934 datéiert. All Heft hat 24 Säiten a gouf vum Bour selwer hektographéiert. An der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ass eng komplett Editioun erhalen.
Commons: Rouderssen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.