Roger Meyrath
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Roger Meyrath, gebuer 1915 a gestuerwen 2009, war e lëtzebuergesche Moler.[1]
Roger Meyrath | |
---|---|
Gebuer | 1915 |
Gestuerwen | 2009 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Hie war de Jong vum Eisebunnsaarbechter Jacques Meyrath an der Thérèse Petit. Hien huet jorelaang a verschiddene Posten an der Steier- an Akziseverwaltung geschafft. 1940 huet hien d'Henriette Katharina Heirend bestuet, si haten zwee Kanner. D'Famill huet ënner anerem zu Beetebuerg, Ettelbréck, Veianen, Biebereg, an der Stad an zu Biwer gewunnt.
De Roger Meyrath krut seng artistesch Ausbildung an Owescoursë vum Pierre Blanc an am Atelier vum Jean Schaack.[2] Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1948 un am CAL sengen alljärleche Salonen ausgestallt.[1] Hien huet seng Wierker op Ausstellungen zu Lëtzebuerg an am Ausland gewisen an hat Eenzelausstellungen zu Flatzbuer (1980), am Fënsterdall (1987) an an der Galerie St Michel an der Stad (1988).