Rita Reining
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Rita Reining, gebuer als Anna Margaretha Reining den 30. Abrëll 1888 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 19. Mäerz 1963, war eng lëtzebuergesch Sculptrice.[1]
Rita Reining | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anna Margaretha Reining |
Gebuer |
30. Abrëll 1888 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
19. Mäerz 1963 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
D'Rita Reining war d'Duechter vum Industriellen Niels Christian Wilhelm Reining a der Catharina Magdalena Burger.[2] Si huet op der Münchener Konschtakademie studéiert. 1920 huet si den Ingenieur Marcel Thomas (1879-1961) vu Stroossbuerg bestuet.
Si huet Skulpturen aus Holz, Gips an Terracotta gemaach a Keramik gemoolt. Si war Member vum Cercle artistique de Luxembourg an huet vun 1914 bis 1927 op den alljärleche Salonen vum CAL ausgestallt.[1] No hirer Participatioun am Salon 1917 war d'Rezensentin vum Luxemburger Wort der Meenung: „Rita Reining wird eines Tages der Skulptur in unserm Land neue Wege und Ziele zeigen“[3]. 1923 huet si mat enger Rei Lëtzebuerger Kënschtler zesummegeschafft, dorënner d'Sculpteuren Claus Cito a Jean-Baptiste Wercollier, déi um Salon zu Nanzeg ausgestallt hunn.[4]
D'Rita Reining ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen.[5]