Riserad
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Riserad ass eng Kiermesattraktioun. Et ass e grousst Rad, dat sech ëm eng horizontal Achs dréint, a wouru Stillercher, Gondelen oder Kabinne festgemaach sinn, an déi d'Leit sech kënne sëtzen.
Op Englesch heescht et Ferris wheel no sengem Erfinder, dem George Washington Gale Ferris, Jr..[1]
Et gëtt och Riserieder, déi permanent installéiert sinn, wourënner:
- dat 64,8 Meter héicht Riserad am Wiener Prater;
- d'London Eye, fréier och Millennium Wheel genannt, mat enger Héicht vun 132 ½ Meter.
- d'Riserad vu Nanchang am Riverside Park. Et ass 160,90 Meter héich, mat engem Duerchmiesser vun 153,90 Meter.