![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4a/Kiermesvunuewen.jpg/640px-Kiermesvunuewen.jpg&w=640&q=50)
Kiermes
Volleksfest, meeschtens zu der Zäit am Joer wéini eng Kierch geweit gouf oder de Patréiner vun där Kierch säi Fest huet / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Kiermes ass e Volleksfest dat meeschtens zu enger bestëmmter Zäit am Joer ofgehale gëtt, a meeschtens op den Dag zeréckgeet op deem eng Kierch geweit gouf respektiv de Patréiner vun där Kierch säi Fest huet. Heiansdo si Kiermesse mat engem Joermaart verbonnen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4a/Kiermesvunuewen.jpg/640px-Kiermesvunuewen.jpg)
Typesch fir d'Kiermesse sinn hautdesdaags Attraktioune wéi Schéissbuden, Knuppautoen a Karuseller, bei grousse Kiermesse gesäit een och dacks e Riserad, Achter- a Geeschterbunnen. Ausserdeem gëtt et op Kiermessen ëmmer Gefréissstänn, wou ee Fritten, Thüringer, Gromperekichelcher, gebakene Fësch an och Séissegkeete wéi Eisekuchen, Glacen, Pomme-d'Amouren, Barbe-à-Papaen, Popcorn, Nougat, gebrannte Mandelen, Lutschen asw. ze kafe kritt.
Déi gréisst Kiermes zu Lëtzebuerg ass d'Schueberfouer.
A verschiddenen Uertschaften zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Kiermes an eng kleng Kiermes.