From Wikipedia, the free encyclopedia
Zaire ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Nordweste vum Land um Atlanteschen Ozean an ass déi noost Provënz bei der angolanescher Exklav Cabinda. Tëscht de Provënze Cabinda a Zaire läit e Landstreech, deen zur Demokratescher Republik Kongo gehéiert.
D'Provënz huet eng Fläch vu 40.130 km².[1] D'Haaptstad a gréisst Stad ass M'banza Kongo, d'Haaptstad vum fréiere Kongoräich.
D'Vollekszielung vun 2014 ass op eng Awunnerzuel vu 567.225 Persoune komm, wat 2,1% vun der Gesamtbevëlkerung vum Angola entsprécht.[2] Déi bei wäitem gréisst Bevëlkerungsgrupp sinn d'Bakongo, déi och am Nopeschland Kongo liewen. Nom angolanesche Biergerkrich ass d'Bevëlkerung staark an d'Luucht gaangen, well vill angolanesch Flüchtlingen am Kongo nees Heem gaange sinn.[1] Wärend dem Krich war d'Provënz eng Bastioun vun der FNLA, an där d'Bakongo dominéiert hunn.
D'Klima ass gréisstendeels tropesch mat Duerchschnëttstemperaturen tëscht 24 a 26 Grad Celsius.[1] Tëscht der kongoleesescher Grenzstad Matadi an dem Atlantik markéiert de Kongofloss eng natierlech Grenz tëscht béide Staaten.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.