![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Milky_Way_Arms_de.svg/langlb-640px-Milky_Way_Arms_de.svg.png&w=640&q=50)
Perseusaarm
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Perseusaarm ass e Spiralaarm vum Mëllechstroossesystem. Et ass dee nooste baussenzege Spiralaarm vum Orionaarm, an deem d'Sonnesystem läit an ass ongeféier 5000 Liichtjoer méi wäit vum Galaxienzentrum ewech wéi den Orionaarm. De Perseusaarm ass virun allem an der Géigend vum Stärebild Perseus ze gesinn an ass do ongeféier 41.000 Liichtjoer vum Galaxienzentrum ewech.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/26/W3OH_relativly_to_sun.jpg/640px-W3OH_relativly_to_sun.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Milky_Way_Arms_de.svg/320px-Milky_Way_Arms_de.svg.png)
Am Joer 2005 war et enger internationaler Grupp vu Wëssenschaftlern gelongen, déi mat Ofstand geneeste Distanzbestëmmung fir d'Stäregenesisgebitt W3(OH) am Perseusaarm ze bestëmmen. Si konnten d'Distanz mat Triangulatioun mat Hëllef vum Very Long Baseline Array (VLBA) direkt moossen. Si ass 6357±130 Liichtjoer[1]. D'Miessung baséiert beim VLBA op enger Basislängt vun zirka 8000 km bei enger Radiofrequenz vun 12 GHz.