![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Milky_Way_Arms_de.svg/langlb-640px-Milky_Way_Arms_de.svg.png&w=640&q=50)
Orionaarm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Orionaarm (oder lokalen Aarm) ass e Spiralaarm vun der Mëllechstrooss, an deem ënner anerem och eist Sonnesystem dran ass.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Milky_Way_Arms_de.svg/320px-Milky_Way_Arms_de.svg.png)
orange: Orionaarm; rout: Sagittariusaarm; gréng: Perseus-Aarm
Der Orionaarm läit tëscht dem grousse Sagittarius-Aarm an dem Perseusaarm an ass warscheinlech e méi klengen Niewnaarm. Hien ass zirka 20.000 Liichtjoer laang, 2.000 Liichtjoer breet a ronn 26.000 Liichtjoer vum Galakteschen Zentrum ewech. Hien zeechent sech duerch eng Rei gliddeg Stäre vun de Klassen O a B aus, déi haaptsächlech zum Stärebild Orion gehéieren. Dofir krut hie säin Numm, Orionaarm.
D'Sonn an hire System läit – a Längsrichtung ongeféier an der Mëtt – am bannenzege Rand vum Orionaarm.