From Wikipedia, the free encyclopedia
De Parc naturel régional des Ballons des Vosges ass e regionalen Naturpark a Frankräich. E gouf am Juni 1989 op Initiativ vun den dräi fréiere Regiounen Elsass, Loutrengen a Franche-Comté gegrënnt a vereent 198 Gemenge(Stand November 2020) mat ronn 240.000 Awunner[1]. Den Naturpark ass 3000 km² grouss a läit a 4 Departementer: Haut-Rhin, Haute-Saône, Vosges an Territoire de Belfort, an domat a an de Regioune Grand Est a Bourgogne-Franche-Comté. D'Administratioun vum Park ass zu Munster.
Geografesch erstreckt de Park sech iwwer de Süde vum Vogesen-Massiv, den Hautes Vosges, vum Dall vu Sainte-Marie-aux-Mines bis viru Belfort a bis bei Luxeuil-les-Bains. Am Norde geet de Park iwwer an de Parc naturel régional Vosges du Nord. Am Park leie 14 Bierger, Ballons genannt, déi méi wéi 1100 Meter héich sinn.
Héchst Bierger (Ballons):
De Plateau des Mille Étangs besteet aus Weieren, déi an der leschter Äiszäit entstane sinn an am Nordoste vum Departement Haute-Saône leien.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.