Departement Vosges
franséischt Departement From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Departement Vosges (88) ass e franséischt Departement, an der Regioun Grand Est. Säin Numm huet et vun de Vogesen (fr.: Vosges), engem Biergmassiv, dat sech iwwer wäit Deeler vu sengem Territoire ausbreet.
Remove ads
Geschicht
D'Departement Vosges gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner der Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.
1793 ass d'Fürstentum Salm, dat bis dohin eng Enklav war, ugefrot, fir Deel vu Frankräich ze ginn. 1795 ass d'Géigend vu Schirmeck, dat zum Departement Bas-Rhin gehéiert huet, un d'Vosges rattachéiert ginn.
1871, duerch den Traité vu Frankfurt, huet Däitschland de Kanton Schirmeck an d'Hallschent vum Kanton Saales annexéiert an un de Bas-Rhin ugegliddert. Do blouwe se weiderhin, och nodeem, nom Traité vu Versailles, d'Elsass nees franséisch gouf.
Remove ads
Geographie
D'Departement Vosges gehéiert zu der Regioun Grand Est, ronderëm leien d'Departementer Meuse a Meurthe-et-Moselle am Norden, Bas-Rhin an Haut-Rhin am Osten, den Territoire de Belfort an d'Haute-Saône am Süden an Haute-Marne am Westen.
Dräi Flossbasenge leien an dësem Departement: dee vum Rhäin (mat der Musel an hiren Nieweflëss, dorënner d'Vologne an d'Meurthe), dee vum Rhône duerch d'Saône an dee vun der Meuse.
Et gëtt zwou grouss Landschaften: Westlech vun Epinal ass eng hiwweleg Géigend. Den Osten, zum Deel op Granit, zum Deel op Sandsteen ass méi héich a vun Nolebëscher dominéiert. Deen héchste Punkt läit am parc régional des Ballons.
Remove ads
Demographie
D'Awunner ginn op Franséisch Vosgien(ne)s genannt.
Leit, déi am Departement Vosges gebuer sinn
- Jeanne d'Arc
- Jack Lang
- Jean-Marie Cavada
- Jules Ferry
- Claude Gellée
- Maurice Barrès
Fir ze liesen
- Bertrand Munier, 1791-2003: Le Grand livre des élus vosgiens (conseillers généraux et régionaux - députés - sénateurs - ministres), Harouey, Éditions Gérard Louis, 2004, 381 S. ISBN 2-914554-34-6. (fr)
- Albert Ronsin (sous la direction de), Les Vosgiens célèbres. Dictionnaire biographique illustré, Vagney, Éditions Gérard Louis, 1990, 394 S. ISBN 2-907016-09-1. (fr)
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Vosges – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads