spuenesche Gittarist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paco de Lucía, gebuer den 21. Dezember 1947 zu Algeciras, Provënz Cádiz als Francisco Sánchez Gómez, a gestuerwen de 25. Februar 2014 zu Cancún, Mexiko[1], war e spuenesche Gittarist a Komponist, deen als Groussmeeschter vun der Flamenco-Gittar gegollt huet. Hien huet souwuel klassesche Flamenco gespillt, wéi och nei Elementer aus der Klassescher Musek an dem Jazz dran afléisse gelooss. Seng Bridder Ramón de Algeciras a Pepe de Lucía waren, respektiv sinn och Flamenco-Museker.
Paco de Lucía | |
---|---|
Gebuertsnumm | Francisco Gustavo Sánchez Gómez |
Gebuer |
21. Dezember 1947 Algeciras |
Gestuerwen |
25. Februar 2014 Playa del Carmen |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Gittarist, Komponist, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Klassesche Gittarist, Filmkomponist, Discographesche Kënschtler |
Famill | |
Papp | Antonio Sánchez Pecino |
Geschwëster | Ramón de Algeciras, Pepe de Lucía |
Hien huet mat 5 Joer ugefaangen, Gittar ze léieren, an hat mat eelef Joer seng éischt Optrëtter, mat 15 seng éischt Auslandstournée an engem Ensembel a mat 17 seng éischt Plack (zesumme mam Ricardo Modrega) erausbruecht.
Hien huet laang Jore mam populäre Flamencosänger Camarón de la Isla zeusmmegeschafft, tëscht 1969 an 1984 hu si zesumme 12 Placken erausbruecht. Zu der selwechter Zäit huet hien och 11 Placke mam Sänger Fosforito erausbruecht, an ass och mat weidere Sänger opgetrueden, nämlech dem Bambino, Chato de la Isla, Enrique Montoya, Juan el de la Vara, Antonio Mairena an dem El Sevillano.
1973 hat hie mat Fuente y Caudal an Entre dos Aguas säin internationalen Duerchbroch. Zanter 1977 ass hien ëmmer nees mat den Jazz-Gittaristen Al Di Meola an John McLaughlin opgetrueden. Hire Live-Album vun 1981, Friday Night in San Francisco, gouf iwwer 2 Millioune Mol verkaaft.
Hien ass de 25. Februar zu Cancún un engem Herzinfarkt gestuerwen, wéi en op der Plage mat senge Kanner gespillt huet.[1]
Commons: Paco de Lucía – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.