D'Baltescht Mier, aus Analogie zu Däitschen och dacks Ostséi genannt, ass e Mier mat enger Fläch vu 432.800 km², dat am Norde vun Europa läit, an dat duerch d'Nordmier mam Atlanteschen Ozean verbonnen ass. Zwéi Golfe sinn en Deel dovun: de Botnesche Golf am Norden an de Finnesche Golf am Osten.

Thumb
D'Baltescht Mier

Länner, déi um Baltesche Mier leien, sinn:

Mam Nordmier ass et am Südweste verbonnen duerch de Kattegat an de Skagerrak.

Stied laanscht d'Baltescht Mier

  • Sankt Péitersbuerg (Russland) – 4 700 000 Awunner
  • Stockholm (Schweden) – 743 703 Awunner (Agglomeratioun 1 823 210)
  • Tricity (Polen) – Agglomeratioun vu (Gdańsk, Gdynia a Sopot) mat 1 041 000 Awunner
  • Helsinki (Finnland) – 559 700 Awunner (Agglomeratioun 980 000)
  • Rīga (Lettland) – 760 000 Awunner
  • Kaliningrad (Russland) – 400 000 Awunner
  • Tallinn (Estland) – 387 200 Awunner
  • Malmö (Schweden) – 259 579 Awunner
  • Kiel (Däitschland) – 250 000 Awunner
  • Umeå (Schweden) – 70 955 Awunner
  • Luleå (Schweden) – 45 000 Awunner
  • Lübeck (Däitschland)– 216 100 Awunner
  • Rostock (Däitschland) – 212 700 Awunner
  • Klaipėda (Litauen) – 194 400 Awunner
  • Turku (Finnland) - 174 906 Awunner
  • Liepaja (Lettland) – 87 000 Awunner
  • Pori (Finlande) - 76 000 Awunner
  • Kotka (Finnland) - 55 000 Awunner
  • Kołobrzeg (Polen) - 50 000 Awunner
  • Świnoujście (Polen) - 44 600 Awunner
  • Ventspils (Lettland) – 44 000 Awunner
  • Visby (Schweden, Gotland) 23 000 Awunner

Inselen

Stréim, déi dralafen

(Déi wichtegst, dem Zär vun der Auer no, ugefaange bei Öresund):

  • A Schweden
    • Svartån (zu Svarte bei Ystad)
    • Tommarpaån (zu Simrishamn)
    • Helgeå (zu Nyehusen bei Kristianstad)
    • Hemån (zu Karlskrona)
    • Ljungbyån (zu Ljungby bei Kalmar)
    • canal Göta (zu Mem bei Söderköping)
    • Motala ström (zu Norrköping)
    • Stockholms ström (zu Stockholm)
    • Dalälven (zu Gävle)
    • Indalsälven (zu Sundsvall)
    • Ångermanälven (zu Härnöset)
    • Umeälven (zu Umeå)
    • Skellefteälven (zu Skellefteå)
    • Luleälven (zu Luleå)
    • Kalixälven (zu Kalix)
    • Torne älv (zu Hapareta/Torneå)
  • A Finnland
    • Kemijoki (zu Kemi)
    • Oulujoki (zu Oulu)
    • Kokemäenjoki (zu Pori)
    • Kymijoki (zu Kotka)
  • A Russland
    • Neva (zu Sankt Péitersburg)
  • An Estland
    • Niémen (zu Šilutė)
    • Narva (zu Narva)
    • Pärnu (zu Pärnu)
  • A Lettland
  • An der Enklav vu Kaliningrad
    • Pregolia (zu Kaliningrad)
  • A Polen
    • Pasłęka (zu Braniewo)
    • Nogà (tëscht Gdańsk an Elbląg)
    • Vistule (tëschtGdańsk an Elbląg)
    • Radunia (zu Gdańsk)
    • Reda (bei Wejherowo)
    • Leba (zu Lebsko Lake)
    • Slupia (zu Ustka)
    • Wieprza (zu Darlowo)
    • Parsęta (zu Kołobrzeg)
    • Rega (Mrzeżyno, bei Kołobrzeg)
    • Odra (op Däitsch Oder, zu Szczecin)
  • An Däitschland
    • Uecker (zu Ueckermünde)
    • Peene (zu Anklam)
    • Recknitz (zu Ribnitz-Damgarten)
    • Warnow (zu Warnemünde bei Rostock)
    • Trave (zu Travemünde beiLübeck)
    • Schwentine (bei Kiel)
    • Schlei (bei Schleswig a Kappeln)

Wirtschaft

Duerch d'Eutrophisatioun sinn haut wéineg Fësch a vill Algen am Baltesche Mier.

Am Mëttelalter huet d'Hanse sech ronderëm d'Baltescht Mier etabléiert.

Et fueren haut daagsan, daagsaus eng 2000 Schëffer doruechter, déi 15 % vum Welttransport iwwer d'Mier ausmaachen. De Finnesche Golf ass e wichtegen Handelswee fir russesche Pëtrol (20 Milliounen Tonnen 1990, iwwer 100 Milliounen am Joer 2005), deen zu Sankt Péitersbuerg op Schëffer emgeluede gëtt.

Um Spaweck

Commons: Baltic Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.