Nouvelle Équipe
From Wikipedia, the free encyclopedia
Nouvelle Équipe ass den Numm vun enger lëtzebuergescher Konschtbeweegung, déi nom Zweete Weltkrich ugefaang huet a sech op Innovatioun an der Konscht geriicht huet.
Nom Krich hunn eng Rei jonk Lëtzebuerger Kënschtler no engem neien Design an der Konscht gesicht, si wollten all konventionell Konzepter an traditionell Formen ofschafen[1]. Véier dovunner, d'Molerer François Gillen, Victor Jungblut, Joseph Probst an de Sculpteur Lucien Wercollier, hu sech zesummegedoen fir eng "Nei Grupp" (Nouvelle Équipe) ze bilden. Si hunn 1948 den éischte Salon de la Nouvelle Équipe organiséiert, dee vum 20. Mee bis den 3. Juni 1948 am Cercle municipal an der Stad Lëtzebuerg ofgehale gouf. Beim Vernissage waren den Educatiouns-, Landwirtschafts- a Kulturminister Nicolas Margue, de Wirtschaftsminister Lambert Schaus an de belschen Ambassadeur derbäi. D'Kënschtler hu fofzeg Wierker gewisen: Glasfënsteren, Biller a Skulpturen. D'Ausstellung gouf gutt ugeholl an d'Konschtkritiker vum Escher Tageblatt[2] an dem Luxemburger Wort ware begeeschtert. Dee Leschtgenannten huet geschriwwen:
"Dans ce Salon ne figure rien de pauvre, rien de conventionnel, rien de bassement sentimental. Je ne dis pas que toute convention est dépassée et que chaque élément de chaque oeuvre est du crû. Certaines formules, autant dans le choix du sujet, que dans sa vision, que dans la technique de représentation sont données par d'autres. Pour être récents, les clichés n'en sont pas moins des clichés. Mais les artistes qui exposent ici, s'en dégagent puissamment et sont en train de trouver, chacun pour soi, leur mode d'expression."[3]
Zwee Joer méi spéit war den zweete Salon. Vum 13. Mee bis de 5. Juni 1950 waren am Staatsmusée an der Stad Wierker vun der Nouvelle Èquipe ausgestallt, ergänzt mat Keramike vun der Colette Probst-Wurth a Biller vu 16 Kënschtler vu Lyon[4]. D'Ouverture war ënner anerem a Präsenz vum Pierre Frieden, Minister fir Educatioun, Kultur a Wëssenschaften, Marcelle Campana, Vizekonsul vu Frankräich an dem Alphonse Arend, President vun den Amitiés françaises.[5] Dëse Salon gouf och gutt ugeholl. De Konschtkritiker Joseph-Émile Muller seet iwwer d'Ausstellung:
"vous y trouvez surtout des chercheurs, des artistes qui, répudiant la routine, la paresse et les succès faciles, s'appliquent à traduire leurs émotions et leurs idées en parlant le langage de nos jours avec un accent personnel."[6]
D'Ausstellung gouf fir eng Woch verlängert an duerno goufen d'Wierker vun der Nouvelle Équipe zu Esch-Uelzecht gewisen (10. Juni bis de 25. Juni 1950).
Obwuel d'Nouvelle Équipe nëmmen zwéi Salonen hat, huet se d'Erneierung vun der Lëtzebuerger Konscht ugestouss. Am Laf vun den 1950er Joren, ënner dem Afloss vun den Iconomaques, huet sech de Fokus weider vun der traditioneller figurativer Konscht op d'abstrakt Konscht verlagert. De Gillen, de Probst an de Wercollier hunn dobäi eng Roll gespillt.