Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nationalstrooss 10 oder N10 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach, Dikrech, Veianen a Klierf. Si féiert vun der däitscher Grenz zu Schengen laanscht d'Musel, d'Sauer an d'Our bis op Maarnech wou se Uschloss un d'N18 huet.
Panorama mat der N10 tëscht Stadbriedemes an der Hëttermillen | |
Strooss vun den dräi Flëss | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Schengen, Bundesstrooss 407 |
Koordinaten | 49°28'18,01"N, 6°22'3,50"O |
Enn |
Maarnech, Nationalstrooss 18 |
Koordinaten | 50°3'5,47"N, 6°4'21,68"O |
duerch | Schengen, Réimech, Stadbriedemes, Wuermer, Gréiwemaacher, Mäertert, Rouspert-Mompech, Iechternach, Bäerdref, Beefort, Reisduerf, Veianen, Pëtschent, Parc Housen |
Längt | 112 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 10 |
Laf an Uschlëss
1. Deel: Schengen - Iechternach | |
B 407 | |
Schengen | CR 152B Rue Robert Goebbels |
CR 152 Wäistrooss | |
A 13 | |
Schengerwiss | Uschloss A 13 |
CR 152 Wäistrooss | |
Schwéidsbeng | CR 152F Rue du Port |
Bech-Maacher | CR 151 Route du Vin |
Réimech | CR 152C Place du Marché |
N 2 | |
Stadbriedemes | Aalbaach |
CR 149 Dicksstrooss | |
CR 146 | |
Hëttermillen | CR 145 Neie Wee |
Éinen | CR 144 Frongaass |
Gouschtenger Baach | |
CR 134 Neie Wee | |
Wuermer | CR 122 Rue Principale |
CR 122B | |
CR 122C Rue Principale | |
Ohn | Donwer Baach |
CR 142 Rue de Niederdonven | |
Meechtem | CR 146 Rue du Faubourg |
Deisermillen | Kelsbaach |
CR 146 | |
Gréiwemaacher | CR 140A |
Gehaansbaach | |
Rouderbaach | |
CR 140 Schaffmill | |
N 10A | |
N 1 | |
Leiteschbaach | |
Lafbaach | |
Mäertert | Brëtell A 1 |
Sir | |
CR 134C | |
CFL-Linn 3 | |
CR 134 Rue de Wecker | |
CR 141A Rue de Mompach
CR 134 Rue J-P Beckius | |
Waasserbëlleg | N 1 |
CR 141 Rue du Bocksberg | |
Wollefsmillen | CR 141B |
A 1 Sauerdallbréck | |
Méischdref | CR 135 Millewee
CR 135 Um Kiesel |
Kauzebaach | |
Bur | |
Burer Millen | Girsterbaach |
Hénkel | CR 370 Rue de Girsterklaus |
Rouspert | CR 372A |
CR 372 Rue Henri Tudor | |
CR 372 Rue du Pont | |
Steenem | Hatzbaach |
Iechternach | (Uschloss: kuckt 2. Deel) |
Laf an Uschlëss
2. Deel: Iechternach - Maarnech | |
(Uschloss: kuckt 1. Deel) | |
Iechternach | N 11B |
N 11A | |
N 11A | |
Aleferbaach | |
Lauterbuererbaach | |
N 11 | |
CR 366 Rue des Remparts | |
CR 366 Rue Maximilien | |
CR 366 Rue Ermesinde | |
Fielsmillen | CR 364 |
Äsbech | |
Weilerbaach | |
Bollenduerfer Bréck | CR 369 |
Grondhaff | CR 121 |
Déiljen | CR 364 Rue de la Sûre |
CR 364 Route de Beaufort | |
Wallenduerfer Bréck | Kuerbaach |
CR 358A Grenzwee | |
Reisduerf | |
Wäiss Iernz | |
CR 358 Route de Larochette | |
Sauer | |
CR 358 Rue de l'Our | |
N 19 | |
Héischdref | (3 Baachen ouni Numm) |
Bëttel | Leitschebaach |
Telleschbaach | |
Lauterbaach | |
N 17B | |
Hinkelsbaach | |
N 10F Bréck Richtung | |
Veianen | Schmitbaach |
Kënzebaach | |
Our | |
N 17 Rue de la Frontière | |
Molsbaach | |
Kalchesbaach | |
CR 344 Rue Kohnerloch | |
Our | |
N 17 Grand-Rue | |
Our | |
Biwels | Our |
CR 355 | |
CR 355 Rue du Lac | |
(3 Baachen ouni Numm) | |
Stolzebuerg | N 10E Bréck Richtung |
CR 320 Rue de Putscheid | |
Ammeschterbaach | |
Klangbaach | |
Oolzbaach | |
Akeschterbaach | |
Wuelessen | N 10D Bréck Richtung Gemünd |
Gemünder Akeschterbaach | |
Ënnereesbech | (3 Baachen ouni Numm) |
N 10C Bréck Richtung | |
Huschterbaach | |
Uewereesbech | CR 324 Bongertswies |
Holzbech | |
Ettebaach | |
Kohnenhaff | |
Kellbech | |
Fallbech | |
Rouderssen | CR 342 |
Träsbech | |
Etschenterbaach | |
Doosber Bréck | N 10B Bréck
Richtung Doosber |
Rueder | CR 326 |
Maarnech | N 18 |
D'Strooss vun den dräi Flëss wéi se och nach genannt gëtt, ass mat 112 km déi längst Nationalstrooss am Land[1]. Se leeft ni iwwer d'Musel, eemol iwwer d'Sauer a véiermol iwwer d'Our.
D'N10 fänkt op der däitscher Grenz zu Schengen op der Bréck iwwer d'Musel un, wou se un déi däitsch B407 ugeschloss ass. Vun do leeft se an nërdlecher Richtung laanscht d'Musel, ënner der Autobunn A13 erduerch, weider laanscht Wëntreng, Schwéidsbeng a Bech-Maacher bis op Réimech, wou se sech mat der N2 kräizt.
Weider geet se laanscht Stadbriedemes, d'Hëttermillen, Éinen, Wuermer, Ohn a Meechtem bis op Gréiwemaacher, wou se an d'N1 iwwergeet. Zesumme mat der N1 geet se laanscht Mäertert bis op Waasserbëlleg, wou se op der Kräizung vun der Grand-Rue mat der Rue des Bergers no lénks ofbéit a sech nees vun der N1 trennt.
Laanscht d'Musel gëtt d'Strooss och nach Wäistrooss genannt.
Vu Waasserbëlleg aus geet se viru laanscht d'Sauer, ënner der Autobunn A1 erduerch, duerch Méischdref, Bur, Hénkel, Rouspert a Steenem bis op Iechternach, wou se an d'N11 iwwergeet a mat där bis un d'Enn vun der Rue du Pont matleeft. Bis Enn 2021 war se vun do un ënnerbrach an ass eréischt nees am nërdlechen Ausgank vun Iechternach bei der Kräizung vun der Rue de la Gare mat der Rue Ermesinde virun an nordëstlecher Richtung laanscht d'Sauer gelaf[2].
Den Tracé zu Iechternach war duerch den Tunnel ugeduecht, deen am Kader vum Stroosseprojet vun 1973 – wéi déi nei Sauerbréck gebaut gouf – geplangt gi war[3].
Vun Iechternach aus leeft der N10 hiren Tracé duerch d'Weilerbaach, d'Bollenduerfer Bréck, de Grondhaff, Déiljen an d'Wallenduerfer Bréck bis op Reisduerf, wou se d'N19 kräizt.
Vu Reisduerf aus geet d'N10 weider nërdlech ëmmer laanscht d'Our duerch Héischdref a Bëttel bis op Veianen, wou se d'N17 kräizt.
Si geet da virun nërdlech laanscht d'Our duerch Biwels, Stolzebuerg, Ënnereesbech, Uewereesbech a Rouderssen bis op d'Doosber Bréck.
Vun do u geet se a westlecher Richtung aus dem Ourdall erop bis op Maarnech, wou se op der Kräizung mat der N18 zu Enn geet.
Scho virun 2014 war festgestallt ginn, datt d'Strooss op der Streck tëscht der Doosber Bréck a Maarnech an engem ganz schlechten Zoustand war an den Deputéierten André Bauler hat beim Transportminister intervenéiert fir datt d'Strooss an d'Rei gesat sollt ginn[7]. Éischt Pläng fir d'Erneierung vun der Strooss konnten net realiséiert ginn, well se keen Accord vun der Ëmweltverwaltung kruten. Et goufen dunn 2016 zousätzlech Etüde gemaach, fir datt d'Strooss am Konsens tëscht dem Sécherheetsaspekt an der Ëmwelt erneiert kéint ginn[8].
D'Sanéierungsaarbechte konnte schlussendlech Mëtt Abrëll 2019 ufänken a goufen de 25. September 2020 ofgeschloss.
D'Streck gouf deelweis méi breet gemaach (6 Meter) an de Käschtepunkt fir de Reamenagement vun der 4,22 km laanger Streck beleeft sech op 4 Milliounen Euro.
Commons: Nationalstrooss 10 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.